D'Generalinspektioun vun der Police gëtt no all Fall an deem e Polizist am Déngscht zu der Waff gegraff huet, iwwer dësen Tëschefall informéiert.

Virleschte Samschdeg hat e Beamte vun der Lëtzebuerger Police am Déngscht vu senger Waff misste Gebrauch maachen. Bei dësem Asaz war eng Persoun ëm d'Liewe komm. Ma wéi geet et no esou engem Tëschefall bei der Police virun? Wéi gëtt reagéiert, wann e Beamten am Déngscht zu der Waff gräift? Eldoradio huet sech bei der Police zu dëse Froen informéiert.

Wéi et vun der Police heescht, géif no all Fall an deem e Polizist am Déngscht zur Waff gräift iwwerpréift ginn, ob dësen Asaz vun der Waff gerechtfäerdegt war. Dat géif jee no Situatioun ënnerschiddlech oflafen:

Am Fall wou eng Persoun blesséiert gouf, gëtt de Parquet iwwer dësen Tëschefall informéiert. Dëse kann da strofrechtlech Ermëttlungen an d'Weeër leeden an d'Generalinspektioun vun der Police beoptragen eng intern Enquête opzemaachen.

Ma och wa keng Persoun zu Schued komm ass, gëtt d'Generalinspektioun vun der Police iwwer de Virfall a Kenntnis gesat a kann dann déi néideg Schrëtt an d'Weeër leeden.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!

Weiderhi stellt sech natierlech d'Fro, wéi et fir de Beamten, dee geschoss huet, weidergeet. Zu dëser Fro, konnt d'Police eis just allgemeng Informatioune ginn. Als éischt stellt sech d'Fro wat eigentlech geschitt ass, a wéi schlëmm dee jeeweilegen Tëschefall war. Wann eng intern Enquête leeft, kënnen dem Disziplinargesetz vun der Police no sougenannte "Mesures conservatoires" getraff ginn. Dës kënne vun enger temporärer Verleeung vun engem Beamten an en anere Service, bis zu Dësem senger Suspendéierung duerch de Minister goen.

Natierlech, gëtt sech no engem graven Tëschefall och mam Zoustand vun deem concernéierte Beamte beschäftegt. An eenzele Fäll, kann en Asaz e Polizist esou staark belaaschten, dass hien eng psychologesch Betreiung brauch. Dat ass d'Aufgab vum Service Psychologique vun der Police. Am Fall wou den Asaz fir de betraffene Beamte ganz besonnesch belaaschtend war, kann de Service Psychologique op d'Plaz vun dësem Asaz goen an dem Beamten direkt hëllefen. A manner grave Fäll kritt de Beamten eng differenzéiert psychologesch Betreiung a Form vun Eenzel- oder Gruppe-Gespréicher ugebueden. Dëst soll et him erlabe potentiell traumatesch Erliefnisser ze verschaffen. Déi psychologesch Betreiung ass allerdéngs fräiwëlleg. De concernéierte Beamte ka selwer decidéieren ob hien Dës an Usproch hëlt oder net.

Eng dacks gestallte Fro: Firwat schéissen d'Polizisten de Leit net an d'Been?

Op weider Nofro hin, krut Eldoradio vun der Police och Informatiounen doriwwer wéi d'Beamten am Ëmgang mat der Déngschtwaff ausgebilt ginn, respektiv wéi eng Virgabe si fir den Asaz vun der Waff am Déngscht kréien. Virop huet et hei vun der Police geheescht, dass d'Beamte keng Virgaben dozou, op wéi ee Kierperdeel si am Eeschtfall zile sollen, kréie géifen. Allerdéngs géifen d'Polizisten esou trainéieren, dass d'Warscheinlechkeet, dass si am Eeschtfall och treffen am gréisste wier an den Torso wier nu mol déi gréisste Fläch op déi de Beamten zile kéint. An dësem Zesummenhang huet d'Police dann och drun erënnert, dass et wichteg wier, d'Gefor, dass onbedeelegt Persoune beim Asaz vun der Déngschtwaff blesséiert géife ginn, esou kleng ewéi méiglech ze halen.

Allerdéngs misst een der Police no och bedenken, dass beim Asaz vun der Déngschtwaff an der Realitéit eng ganz Partie Facteure matspille géifen. Dat kéinten extern Aflëss ewéi d'Siichtverhältnisser awer och psychologesch Facteure wéi den Drock an d'Angscht, déi de Beamte wärend dem Asaz vun der Waff verspiert, sinn.