© pexels.com
Beim Online-Dating entstinn ëmmer nees nei Phänomener. Nach laang net all si positiv. Dozou gehéiert och d'Orbiting.
Mat den Dating-Apps huet sech och d'Online-Daten vill méi an eiser Gesellschaft verbreet. An doduerch sinn dann och esou genannten "Trends" opkomm. Déi sinn awer éischter negativ. Nieft Ghosting, Dog-Fishing a Benching, gëtt et dann elo Orbiting.
Wat ass Orbiting?
Orbiting bedeit, dass een net méi op Message vun enger anerer Persoun reagéiert oder äntwert, ma awer net ganz fort ass. Wann eng Persoun Orbiting bedreift kuckt se zum Beispill nach d'Storyen op Social Media a like och nach ëmmer nei Fotoen.
Wisou mécht een dat?
Natierlech kann een dat net verallgemengeren, ma et ginn awer e puer Haaptursaachen:
- Déi Persoun weess een net wat se wëll
- Si weess net, dass se dat mécht
- Si wëll sech weider all Optiounen op halen
- Si ass een eigentlech an enger fester Bezéiung
Wéi soll ee sech verhalen, wann eng Persoun dat mat engem mécht?
Am Groussen a Ganzen ass eng Persoun déi Orbiting mécht eigentlech immens onsécher. Dofir muss ee sech elo net froe wat ee falsch gemaach huet. Am schlëmmste Fall mécht eng Persoun dat souguer nëmme fir engem express wéi ze doen. An an all deene Situatiounen ass déi Persoun awer virun allem einfach net éierlech mat iech. Dofir ginn et eigentlech just dräi Aart a Weise fir mat esou enger Dating-Masch ëmzegoen. Entweder et ignoréiert een dës Persoun déi Orbiting bedreift. Dat fällt awer ville Leit villäicht méi schwéier. Dofir ass et dann och eng Méiglechkeet déi aner Persoun ze blockéieren fir ofzeschléissen. Oder, wann der wierklech déi Persoun wëllt ofhaken: konfrontéiert se a sot hir är Meenung. Erwaart iech just net wierklech, dass do och eppes zeréck kënnt.