Et gi Leit déi sech net mat engem 0815 Beruff zefridde ginn a probéieren dofir mam Hobby Suen ze verdéngen. Mir soen iech wéi dat ka geléngen!

Lauschtert eran

Vill Leit dreemen dovunner hiren Hobby zum Beruff ze maachen. Ee Gedanken deen zwar ganz flott, mee net ëmmer einfach ëmzesetzen ass. Dacks ass déi Iddi mat vill Iwwerwannung an Ängschte verbonnen, déi an dësem Fall och net onbegrënnt sinn. Eng sécher Aarbecht si loosse fir sech an d'Selbststännegkeet ze stierzen ass ee grousse Schratt dee mat ville Risike verbonnen ass.

Am einfachsten ass et sech am Viraus Gedanken ze maachen ob wat ee genau oppasse muss an ofweit op de Risiko et wäert ass. Probéiert dofir an enger éischter Phas op äert Häerz ze lauschteren. Wann dir eppes maache wëllt dat iech erfëllt an net well der no baussen eppes beweise wëllt, dann ass dat mol eng gutt Viraussetzung.

Sidd trotzdeem realistesch. Bëlleg gëtt et ganz sécher net, virun allem wann ee bedenkt wat all d'Demarche kaschte fir sech selbststänneg ze maachen an et och ze bleiwen. Sidd iech bewosst, dofir ee grousse Budget mussen anzeplangen an, dass dat net vun haut op muer geet. Ëmfrot iech also am Viraus gutt wat alles genau kascht.

Och wann der mengt a verschiddene Beräicher iech net gutt auszekennen, dann huelt eng Persoun un är Säit déi sech domadder auskennt. Wann iech de Plang vun der eegener Firma da bemol awer net méi esou geheier ass, da probéiert ëmzedenken. Dacks léisst sech nämlech och am aktuelle Job villes zum positive veränneren an zwar andeems der eventuell de Service wiesselt. Déi mannste Leit mussen nämlech hiert ganzt Liewen op de Kapp stelle fir glécklech ze sinn.