© pixabay.com
D'Perseiden sinn ee Stroum u Meteoren duerch deen eise Planéit all Joer duerchflitt. An dat weist sech a Form vun Honnerte vu Stäreschnäizen.
D'Perseiden sinn eng Usammlung u Meteoren, déi sech all Joer vum 17. Juli un bis ongeféier de 24. August weisen. Eng éischte Kéier goufen d'Perseiden a China dokumentéiert. An dat war scho viru méi wéi 2000 Joer, am Joer 36 viru Christus.
Dëst Joer sinn den 11., 12. an 13. August déi Bescht Deeg fir d'Perseide-Schauer ze gesinn. Wien also dëst Phänomen wëll erliewen, ka sech an deenen Nuechten ee Campingstull, eng Decken a villäicht nach eng Persoun déi ee gutt leide kann schnapen an an den Himmel kucken.
Wéi de Philippe Ernzer vu Meteo Boulaide eis erkläert huet, sinn dëst Joer d'Konditiounen effektiv optimal fir d'Perseide kënnen ze kucken. Dat Besonnesch an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschden. Da sinn nämlech eemol keng bis bal keng Wolleken um Himmel. An dann ass de Mound och nëmme ganz kleng um Himmel ze gesinn. Fir dann ee Maximum u Stäreschnäizecher kënnen ze gesinn muss ee just nach e bëssen ausserhalb vun enger Uertschaft sinn. Soss hënnert d'Liichtverschmotzung iech drun d'Meteor-Schauer ze gesinn.
Wéi vill Stäreschnäizecher kann een dann wärend de beschten Deeg vun der Perseide-Schauer gesinn? Dat léisst sech schwéier bis guer net viraussoen, esou de Philippe. Wéi hie seet, kann et sinn, dass een tëscht 50 a 60 Stäreschnäizecher an enger Stonn ka gesinn. Wa mer ganz vill Chance hunn, kënnen et der awer souguer tëscht 100 an 120 an enger Stonn sinn.
Et muss een natierlech e bëssen Zäit matbrénge fir esou eng Meteor-Schauer och wierklech kënnen ze genéissen. Dat kann awer exceptionnell gutt belount ginn, wéi de Philippe Ernzer nach gezielt huet: wann nämlech ee gréissert Stéck vun engem Meteor an d'Atmosphär antrëtt a vergléit, kann dat sech als ee richtege Feierball um Himmel weisen. Eppes, wat een esou bal net vergësst...!