De renomméierte Koppel-Psycholog John Gottman huet zesumme mat engem Mathematiker eng Formel opgestallt mat der eng potentiell Trennung viraussoe kann.

Lauschtert eran

Wëssenschaft a Léift sinn zwee Begrëffer déi een nëmme ganz schwéier verbanne kann an trotzdeem gëtt ëmmer nees probéiert ze verstoe wisou mer eis eigentlech verléiwen a wéi eng Mechanismen do an eisem Kapp iwwerhaapt oflafen. Um ''Gottman Institute'' beschäftegt sech de Psycholog John Gottman scho säit Jore mat der Fro a probéiert romantesch Bezéiungen unhand vu wëssenschaftlechen Donnéeën ze erklären. Zesumme mam Mathematiker James Murray huet den John eng Formel opgestallt, déi virausseet, ob eng Koppel sech trennt oder net an d'Erfollegsquote läit bei 90 Prozent.

An enger Etüd vun iwwer 20 Joer hunn déi zwee Wëssenschaftler iwwert 600 Laangzäitbezéiungen ënnersicht an hunn dës 15 Minutte laang bei engem Sträit gefilmt. Dobäi hu se dann alles notéiert wat wärend dem Sträit passéiert ass, wéi zum Beispill d'Häerzfrequenz, Bluttdrock oder d'Mimik. Dorausser ass dann d'Kodéierungssystem SPecific AFFect Coding System, kuerz ''SPAFF'' entstanen. Mat deem een elo erausfanne kann ob eng Koppel sech trennt oder net. Dobäi sinn awer och Facteure betruecht gi wéi zum Beispill ob d'Koppel wärend dem Sträit awer nach humorvoll mateneen ëmginn oder ob se sech iwwerhieflech oder aggressiv verhalen.

Ënnerdeelt gëtt hei an dräi verschidde Sträittypen. Eng Kéier déi déi ausweechen an dem Sträit aus dem Wee ginn, déi Spronghaft, déi iwwert eng oppen Zahnpasta streiden an déi déi sech géigesäiteg nolauschteren a respektéieren. Schwiereg gëtt et deemno wann ënnerschiddlech Sträittyppen openeen treffen. Wann deemno eng Persoun déi e Sträit gären ausdiskutéiert op eng trefft, déi allem aus dem Wee geet, ass d'Scheedung Virprogramméiert.

Wann allerdéngs béid Persoune genuch Waasser an hire Wäi schëdden, kënnen och zwee verschidden Typpe matenee funktionéieren awer och nëmmen da wann net een dauernd nogëtt an deen aneren ni.