© Eldoradio
Am Virfeld vu sengem Concert hei zu Lëtzebuerg hate mir den däitsche Sänger am Eldo-Interview.
Den däitsche Reggae Sänger Gentleman huet schonn déi eng oder aner Kéier am Grand-Duché gespillt. D’läscht Joer awer nach virun Autoen.
Am Kader vun de City Sounds, bei deenen d’Staat Lëtzebuerg en Reih Concerten organiséiert huet, konnt den Gentleman eng Sold-Out-Show viru 500 Leit um Glacis spillen. Fir de Museker war et och immens schéi mol rëm viru Leit komplett ouni Restriktioune kennen ze spillen.
"Es ist auf jedenfall ein Fortschritt und es fühlt sich fast normal an. Und diese Autokonzerte würde ich als Erfahrung abbuchen. Da haben wir so 4 oder 5 davon gemacht aber es ist sehr schwierig irgendwieeine Intimität aufzubauen und eine Emotion aus den Autos rauszuholen."
© Eldoradio
Wärend der Zäit wou de Museker keng Concerte spille konnt, huet hien awer trotzdeem dës Zäit genotzt. Net nëmmen nei Musek huet hie geschriwwe mee och privat huet hien eng Rei Saachen als Beschäftegung fonnt.
"Meine Tochter meinte mal ich sollte ein Meerschweinschen malen, das aussah wie ein Esel und da hab ich mir YouTube-Videos angesehen, wie zeichnet man und dann hab ich so Skills entwickelt. Ich hab auch mal ein Buch zu Ende gelesen und sehr viel Zeit mir meiner Family verbracht. Und ich habe Radieschen gepflanzt und meinen grünen Daumen entdeckt."
© Eldoradio
Wärend dem Lockdown huet hien awer natierlech och ganz vill nei Lidder geschriwwen, déi dann och op sengen Album "Blaue Stunde" ze fanne sinn. Op dësem Album huet den Gentleman dann och fir déi éischte Kéier op däitsch gesongen.
"Jeder konnte es irgendwie verstehen, dass es ein Herzenswunsch von mir war jetzt mal ein Album auf meiner Muttersprache zu machen. Ich fang aber jetzt nicht an nur noch auf Deutsch zu singen. Ich wollte das nur mal machen.“
Den Gentleman ass an Zwëschenzäit ee vun deene bekanntste Reggae Sänger an Europa an trotzdeem war et och fir hien ee laange Wee, bis hie konnt soen dass hie wierklech vu senger Musek liewe konnt.
"Ich hab mir das nie erträumt und ich hatte nie den Plan. Ich bin nie aufgewacht und habe gedacht: so ich will mal Reggae Sänger werden sondern ich habe immer gerne Musik gemacht. Das erfüllt einen mit grosser Dankbarkeit."
Wat den Gentleman elo fir d’Zukunft geplangt huet ass awer bis elo nach net sou festgeluecht.
Hien huet eis awer verroden, dass hien och rëm un engem engleschen Album schafft. De weider well de Museker definitiv keng Auto-Concerte méi spillen.