© Eldoradio
De Glacis wäert an 2 Beräicher ënnerdeelt ginn. An Engem wäerten d'Spiller an an deem Aneren d'Restauratioun stoen.
Eng richteg Schueberfouer wäert et dëst Joer jo net ginn. Ma d'Stad Lëtzebuerg huet sech jo enge ganz Partie Alternativen afale gelooss. Déi, déi wuel am noosten un d'Original eru kënnt ass de „Fun um Glacis“. Hei wäerten nieft enger Partie groussen Attraktioune wäerten hei och Restauratioun ugebuede ginn. D'Stad Lëtzebuerg huet dann och zesumme mat der Santé e sanitäert Konzept fir dësen Evenement ausgeschafft. Dëst gouf en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz vun der Stad Lëtzebuerg presentéiert.
De Glacis wäert deemno an 2 Beräicher ënnerdeelt ginn.
Op engem Deel wäerten déi grouss Attraktiounen an d'Bude mat deene klenge Spiller stoen. Hei wäert d'Droe vum Mask obligatoresch sinn. Wéi déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer preziséiert huet, wäert een de Mask och op de Spiller ophale mussen. Weiderhin huet de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt dorops opmierksam gemaach, dass een sech seng Hänn desinfizéiere muss éier een op d'Spiller geet.
Am Ganze wäerten eng 15 grouss Attraktiounen um Glacis stoen. Dorënner albekannte Klassiker ewéi de "Shaker's" an de "Breakdance". Donieft wäerten dëst Joer awer och 2 ganz besonnesch Attraktiounen um Glacis stoen. Nämlech de d'Alpina Bahn den "Olympia Looping''. Béid Achterbunne stinn och all Joers um Münchener Oktoberfest.
Op deem aneren Deel wäerten d'Restauranten an d'Iessbude stoen. Hei wäert de Covid-Check gëllen. Wien hei eppes iessen oder drénke wëll wäert also géint de Coronavirus geimpft musse sinn oder no enger Infektioun als geheelt gëllen. Alternativ dozou kann een och en negative Corona-Test virweisen. Wie keen Testresultat dobäi huet wäert op der Plaz e Schnelltest maache kënnen. Wann dësen negativ ass, kritt ee fir een Dag Accès op de Site.
Trotzdeem wier d'Impfung dem Lydie Polfer no de beschte Wee fir sech virum Virus ze schützen. Aus dësem Grond wäert dann och den Impf-Bus vun der Santé Statioun um Glacis maachen. Dat wäert den 22. August de Fall sinn.
Natierlech, muss bei esou engem groussen Evenement och dorop opgepasst ginn, dass d'Visiteuren sech de sanitäre Virschrëften entspriechend verhalen. Nieft der Police, déi dem Patrick Goldschmidt vun der Stad Lëtzebuerg no un alle wichtege Reunioune bedeelegt war, wäert dowéinst dëst Joer eng privat Sécherheetsfirma um Glacis patrulléieren. Dës wäert d'Leit, déi sech net un déi sanitär Reegelen halen op hiert Feelverhalen opmierksam maachen. Am Fall wou eng Persoun sech partout net un déi sanitär Reegelen hale wéilt, géif si vum Site verwise ginn.
Wie sech un déi sanitär Reegelen hält, sollt sech allerdéngs ouni gréisser Problemer amuséiere kënnen. De ''Fun um Glacis'' wäert vum 21. August bis den 12. September stattfannen. Dat all Dag vun 11 Auer Moies bis 11 Auer Owes.
Lo stellt sech natierlech d'Fro, wéi een am Beschten op de Glacis kënnt. D'Stad Lëtzebuerg recommandéiert de Leit hei op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen. Ënner anerem wäert vum Parking Bouillon aus eng Navette op d'Stäreplaz fueren. Dat all 15 Minutten tëscht 12h00 Mëttes an 23h15 Owes. Wie säin Auto um Kierchbierg parkt, kann iwwerdeems mam Tram op de Glacis fueren. Samschdes a Sonndes wäert Dësen dann och méi dacks fueren ewéi an der Woch.