Et gi puer Tipps déi et méi angeneem maachen an den Auto ze klammen bei héijen Temperaturen.

1. Am Schied parken

Et ass eigentlech ganz logesch, dass et scho mol wichteg ass wou ee parkt. Wie richteg Chance huet, ka mam Auto natierlech an enger Garage stoen. Wien awer dobausse parkt, soll dann am Beschte kucken, dass et eng Plaz am Schied ass. Besonnesch wann den Auto keng Klimaanlag huet. Soss gëtt et richteg schwiereg déi waarm Loft duerno aus dem Auto eraus ze kréien.

2. Fënsteren op maachen

Wien een e bësse méi modernen Auto huet, kann da ganz wahrscheinlech seng Fënsteren och aus der Distanz op maachen. Dat geet ganz einfach mam Autoschlëssel. Wichteg ass et do just och net ze wäit vum Auto fort ze sinn an den Auto am Bléck ze hunn. Mee doduerch kann eng-zwou Minutten laang déi waarm Loft schonn eraus, déi sech am Auto ugestaut huet. Esou musst der e

3. Klimaanlag

De Gros vun den Autoen huet hautdesdaags eng Klimaanlag. Also kenne mer all de Reflex d'Klimaanlag direkt voll opzedréine wa mer eis an de waarmen Auto setzen. Dobäi sollt een domat besser waarden. Well wann d'Klimaanlag direkt ufänkt den Auto mat kaler Loft ze fëllen, gëtt et geféierlech fir d'Gesondheet. Duerch déi héich Ënnerscheeder gëtt eise Kreeslaf staark belaascht. Also d'Klima eréischt op dréine wann den Auto schonn e bësse ofgekillt ass. An dann och am Ufank besser op 22 Grad am Plaz ganz kal.