Concerten am Stoen, ouni Mask, ouni Distanz, mat Drinks a mat Party - a virun allem mam Sido! Mir haten den däitsche Rapper am Eldo-Interview!

Erënnerungen u säi leschte Concert zu Lëtzebuerg

Am November 2019 huet de Sido an där ausverkaafter Rockhal säin aktuellen Album "Ich & keine Maske" presentéiert. E Concert - un deen de Kënschtler sech nach ganz gutt erënnere kann.

De Sido iwwert de "Backstage-Flitzer"!

Deemools hat de Sido eis am Interview verroden, dass hie statt obligatorescher Drëpp mëttlerweil Ingwer-Téi virun Optrëtter drénkt. Donieft hätt hien och ëmmer e Physio dobäi, deen hie masséiert. Ass dat haut nach ëmmer esou?

Wat mécht de Sido virun engem Optrëtt?

Generell freet de Sido sech, dass hien hei bei eis immens vill Fans huet. Ganz dacks kommen DMs an deenen hie gefrot gëtt wéini hien dann endlech emol rëm op Besuch kënnt nämlech aus Lëtzebuerg.

Stellewäert vun der Musek

Schonn iwwer 20 Joer mécht de Sido Musek. Do donieft huet hien an deene leschte Jore ganz vill aner Projeten opgebaut an och privat war vill lass. Trotzdeem huet d'Musek nach ëmmer e ganz grousse Stellewäert.

De Sido iwwert de Stellewäert vun der Musek!

Endlech erëm Concerten!

Am mannste gär huet de Sido an deene leschte Méint virun Autoe gespillt. Ëm sou méi frou ass hien, dass lues a lues och erëm hallefweegs normal Concerten ewéi hei zu Lëtzebuerg méiglech sinn.

Wéi frou ass de Sido, dass hien erëm Concerte spillen däerf?

Kuckt hei alleguer d'Fotoe vum Concert: