© Vincent Jannink / ANP / AFP
Dem Andrew Ferrone no, missten d'CO2-Emissiounen op Netto-Null reduzéiert ginn.
De Méindeg den 9. August ass den éischten Deel vum neie Rapport vum Weltklimarot erauskomm. Dëse Rapport beschäftegt sech mat de wëssenschaftleche Grondlage vum Klimawandel. Den Andrew Ferrone ass Klimafuerscher a vertrëtt Lëtzebuerg am Weltklimarot. Eldoradio huet mam Andrew Ferrone iwwer d'Aarbecht vum IPCC an iwwer den Inhalt vun deem neiste Weltklima-Rapport geschwat.
Wéi den Andrew Ferrone virop erkläert huet, géif de Weltklimarot - och nach IPCC genannt - sech aus 3 verschiddenen Aarbechtsgruppen zesummesetzen. Dës géifen allerdéngs selwer keng Fuerschung maachen. Villméi géifen si déi aktuell Erkenntnisser aus der Klimafuerschung zesummendroen. Den éischten Aarbechtsgrupp, deem säi Rapport den 9. August erauskomm ass, beschäftegt sech mat de wëssenschaftleche Grondlage vum Klimawandel. Fir déi relevant Erkenntnisser iwwer dës Grondlagen zesummenzedroen, hunn déi 234 Auteuren, déi an dësem Grupp vertruede sinn sech am Ganze 14.000 wëssenschaftlech Publikatiounen iwwer de Klimawandel ugekuckt. Dat an engem Zäitraum vun 2 Joer.
Och a sengem neiste Rapport kënnt den IPCC zu der Erkenntnis, dass de Mënsch den Haaptresponsabele fir de Klimawandel ass. Wéi et am Rapport heescht, géif et keen Zweiwel doru ginn, dass d'Erwiermung vun der Atmosphär, dem Buedem an den Ozeanen op déi mënschegemaachten Emissioune vun Zäregasen zeréckzeféiere wier. Dem Andrew Ferrone no, géifen et an der wëssenschaftlecher Communautéit keng Zweiwel méi dorunner ginn, dass de Klimawandel existéiert an, dass de Mënsch den Haaptresponsabele fir dëse Phenomen wier.
Weiderhi kéint de Klimawandel méi séier virugoen, wéi bis ewell geduecht. Bis ewell, war een dovunner ausgaangen, dass déi global Duerchschnëttstemperatur sech bis tëscht 2040 an 2050 ëm 1,5 Grad erhéicht. Ma nei, méi komplex Klima-Modeller, déi mat méi detailléierten Date schaffen, hu gewisen, dass Dëst am schlëmmste Fall esouguer schonn tëscht 2030 an 2040 de Fall kéint sinn.
De Klimawandel huet dann och reell Konsequenzen. Ënner Anerem wäerten extrem Wiederphenomener méi dacks virkommen. Dobäi mécht et duerchaus en Ënnerscheet op d'Temperaturen ëm 1,4 oder ëm 2 Grad klammen, wéi den Andrew Fernoe um Beispill vun de Caniculle verdäitlecht. Esou géif eng Canicullen, déi am 19. Joerhonnert ee mol all 10 Joer virkomm ass, elo schonn 3 mol an deem selwechten Zäitraum stattfannen. Wann déi global Duerchschnëttstemperatur ëm weider 1,4 Grad klamme géif, géif esou eng Caniculle 4 mol pro Joerzéngt stattfannen a bei enger Hausse vun 2 Grad, wier dat esouguer 5 mol pro Joerzéngt - also statistesch gesi quasi all 2. Joer - de Fall. Och bei den Dréchente mécht et en Ënnerscheet, wéi staark d'Temperatur klëmmt. Wann déi global Duerchschnëttstemperatur ëm 1,5 Grad klëmmt, géifen Dës an der Moyenne duebelt esou dacks optrieden ewéi am Moment. Bei enger Hausse vun 2 Grad géifen se esouguer 2,5 mol méi heefeg optrieden ewéi dat aktuell de Fall ass.
Dem Andrew Ferone no, wier et allerdéngs nach net ze spéit, fir eppes géint de Klimawandel ze ënnerhuelen. Och wa verschidde Konsequenze vum Klimawandel, wéi zum Beispill d'Erwiermung vun den Ozeanen, quasi net méi opzehale wieren, kéint een et nach ëmmer packen de Klimawandel op deem aktuellen Niveau ze stabiliséieren. Dofir missten d'Emissioune vum CO2 allerdéngs op Netto-Null erofgoen. Konkret bedeit dat, dass all Quantitéit vun CO2, déi an d'Loft entlooss gëtt, duerch Moossnamen, déi CO2 aus der Loft huelen, kompenséiert musse ginn. Den Andrew Ferrone gëtt hei d'Beispill vun der Zement-Produktioun. Den CO2, dee bei Dëser entsteet, kéint een zum Beispill ausgläichen andeems een nei Bëscher Planz. D'Beem géife bei der Photosynthes nämlech ënner anerem CO2 a Sauerstoff ëmwandelen.
Wéi eng Schrëtt um politesche Plang néideg sinn, fir d'CO2-Emissiounen op Netto-Null ze reduzéieren, wäert am Rapport vum drëtten Aarbechtsgrupp vum IPCC ze liese sinn. Dëse soll am Mäerz 2022 publizéiert ginn.