© pexels.com
Et ass ee Wuert mat dem mer ëmmer nees konfrontéiert ginn. "Nee". An eigentlech ass d'Ausso dohannert ganz einfach. An awer versti verschidde Leit et net.
Mer mussen ëmmer nees an eisem Liewen "Nee!" soen. Dofir ginn et ganz verschidde Grënn an och Situatiounen. Ma et kënnt och ëmmer nees fir, dass déi Persoun fir déi den "Nee!" geduecht ass, dësen awer net acceptéiere wëll. Wisou ass dat esou, a wat kann ee maachen?
"Nee ech wëll net", "Nee ech spiere mech net duerno", "Nee ech sinn net interesséiert", "Nee ech ginn der dat net". Jiddereen ënnert eis huet schonn aus iergendengem Grond nee gesot. Ma net ëmmer gëtt dëse vun eisem Géigeniwwer acceptéiert.
Wann een eng Persoun date, léiert ee sech jo no an no kennen. Dofir ass et jo och da legitim ze soen: "Sorry, mee ech mengen net, dass dat hei tëscht eis eppes gëtt." Schwiereg ass et awer dann, wann déi aner Persoun dat net acceptéiere wëll. Et bedeit, dass dës Persoun just säi Point-de-Vue versteet, an net d'Grenze vun enger anerer Persoun gesäit. Mee virun allem ass de Risiko grouss, dass esou eng Persoun och an anere Situatiounen et net géif acceptéieren wann een eppes net maache wëll. Et kann een der Persoun dat nach eemol weider kloer erklären, wisou een net interesséiert ass. Ma wann et och dann nach net Klick gemaach huet, ass et och besser sech wierklech komplett ze distanzéieren.
Och op der Aarbecht kann een enger Persoun begéinen, déi d'Grenzen vun engem aneren net respektéiert. Wann déi Persoun och nach an der Hierarchie iwwert engem steet ass et natierlech nach méi schwiereg. Villäicht ass den Aarbechtskolleeg oder Chef och ënner Drock an huet selwer Stress. Et kann also hëllefen ze verstoen oder eraus ze fannen, wisou den "Nee" net acceptéiert gëtt. Ma och do, kann et hëllefen eemol fäin a frëndlech z'erklären, wisou een Nee soe muss. Am Beschte schrëftlech, wann ee weess, dass ee berechtegt ass déi Aufgab fir déi ee gefrot gouf ze refuséieren. Wann dat awer weiderhinn net verstanen gëtt gëtt et schwiereg. Probéiert iech un eng aner Persoun ze wenden der der vertraue kënnt oder saiséiert eng Instanz op der Aarbechtsplaz déi iech hëllefe kann.