Se si wäit verbreet, ginn net onbedingt ëffentlech diskutéiert, a kënnen awer ee groussen Impakt op eist Liewen hunn. Sozial Phobien!
Phobie si wéi mer wëssen e bëssen irrational Ängscht déi mer zu Géigestänn oder Situatiounen opbauen. Dat kënnen Spannen, enk Raim, Héichten oder och sozial Situatioune sinn. Am leschte Fall schwätze mer da vun soziale Phobien.
Eng sozial Phobie verspiert déi betraffe Persoun ëmmer a Situatioune wann aner Leit ronderëm sinn. Meeschtens denken déi Betraffen, dass dat wat si maachen op aner Leit lächerlech wierkt an, dass och jiddereen op si kuckt. Dat kann zum Beispill beim Iesse sinn, bei Exposéen oder och einfach beim Trëppelen. Et kann awer och staarke Stress ausgeléist ginn, wann eng Persoun mat enger sozialer Phobie mat enger anerer Persoun muss Kontakt ophuelen. Sief dat fir einfach unzeruffen oder mat enger anerer Persoun ze schwätzen. Besonnesch schlëmm si Gespréicher mat Frieme, Persoune vum anere Geschlecht oder Autoritéitspersounen. Déi Situatioune kënne, bei Leit déi esou eng Phobie hunn, staarkt Schweessen, Iwwelzechkeet oder souguer enger Panikattack ausléisen.
D'Sozial Phobie gëtt zu enger vun den heefegste psycheschen Erkrankungen gezielt. Vun 100 Persounen sinn tëscht 7 an 12 Persounen eemol an hirem Liewe vun enger sozialer Phobie betraff. Am heefegste hätte Fraen domat ze kämpfen, an dacks entwéckelt sech dës Phobie an der Pubertéit.
Vun eleng verschwënnt eng sozial Phobie iwwregens nëmme ganz seelen. Besonnesch wann d'Phobie eng Persoun esou aschränkt, dass se guer net méi oder nëmme fir ganz kuerz Momenter virun d'Dier kënne goen. Ausserdeem ass meeschtens d'Sozial Phobie net déi eenzeg Angschtstéierung mat der eng Persoun ze dinn huet. Dofir ass et am Beschten zesumme mat engem Psycholog oder Psychiater déi richteg Therapie ze fannen.