Mir hunn et all scho probéiert: De Wecker schellt, an et ass ee bei wäitem nach net ausgeschlof a scho guernet bereet opzestoen...

Wie moies wakereg gëtt, sech am Bett opriicht a sech fir d'éischt emol d'Fro stellt: "Wei soll ech jee duerch dësen Dag kommen, esou midd wei ech sinn?", genee fir déi midd Leit ginn et hei 5 Tipps:

Tipp Nr. 1: Keng Snooze Funktioun

Evitéiert direkt op de Snooze-Button ze drécken, well déi 5 Minutte maachen elo och net den Ënnerscheed. Dat eenzegt wat dir doduerch bewierkt ass direkt moies scho gestresst waakreg ze ginn. Probéiert léiwer mat ärem Liiblingssong waakreg ze ginn a matzesange bis dir prett sidd opzestoen.

Tipp Nr. 2: Net ze vill Kaffi

Kaffi ka Wonner wierken, mee keng 5 Tasen op ee Coup. Kaffi brauch am Duerchschnëtt 20-30 Minutte bis de Koffein am Kierper wierkt. Dofir bréngt et och naicht direkt eng 2. Taass hannendrun ze kippen. Gidd dem Kierper Zäit de Koffein wierken ze loossen a verdeelt är Kaffisdose léiwer iwwert den Dag.

Tipp Nr. 3: Erleedegt d’Aufgaben direkt

Ganz nom Motto: Gemaach ass gemaach. Bréngt direkt déi onangeneem Aufgaben hannert iech a loosst se net schleefen, well dir gitt am Laf vum Dag sécherlech net méi fit. Den Héichpunkt vun eiser Leeschtungsfähegkeet erreeche mir nämlech meeschtens schonn um 11 Auer.

Tipp Nr. 4: Evitéiert laangt Sëtzen

Wann dir um Büro setzt an d’Middegkeet richteg spiert, dann einfach mol dertëscht opstoen an e puer Schrëtt goen. Dir musst nämlech äre Kierper aktivéieren an de Kreeslaf ureegen. A wien net opstoe kann: och d Knae vun engem Knätsch ka schonn dobäi hëllefen.

Tipp Nr. 5: De richtege Powernap

10-15 Minutte schlofen oder einfach nëmmen Ofschalte ka Wonner wierken. Nomëttes eng Kéier kuerz d’Aen zoumaachen, kann dem Kierper déi néideg Energie gi fir duerch den Dag ze kommen. An dobäi muss ee mol net richteg aschlofen: Berouegend Musek lauschteren oder meditéiere geet och schonn duer.

Lauschtert eran