© Eldoradio
De Jo an de Max hu sech ee sportlecht Zil gesat: de "Race across Belgium" matzemaachen. Ma si hunn awer och d'Zil anere Leit ze hëllefen.
Beim "Race across Belgium" geet et drëms esou séier wéi méiglech eng Streck, déi eemol duerch d'ganz Belsch geet, ze bewältegen. Mat dobäi: de Jo Klein an de Max Even. Déi zwee Lëtzebuerger fueren aus Passioun Vëlo, a sinn da bei dëser Ultra-Cycling-Course dobäi.
Ma sinn hunn awer nach een anert Zil am Kapp ewéi just d'Arrivée vun der Course. Si wëllen d'Leit dozou motivéieren grad an dëser Zäit deene Leit ze hëllefen déi et schwiereg hunn. Dofir hunn déi zwee Vëlosbouwe sech eemol d'Asbl "Catch a Smile" an och nach d'Asbl "Le Soleil dans la Main" erausgesicht.
Mee wat ass iwwerhaapt eng "Ultra-Cycling" Course? Bei dëser Zort vu Vëloscourse gi grouss Strecken esou séier wéi méiglech zeréck geluecht, esou de Jo. An dësem Fall geet et dann iwwert eng Streck, déi iwwer 1'000 Kilometer laang ass duerch déi ganz Belsch. De Start an d'Zil sinn zu Arel. De Max an de Jo probéieren dës Streck a manner wéi 40 Stonne bewältegt ze kréien. A wéi preparéiert ee sech optimal op esou een Challenge? Ma virun allem laang am Viraus! Eigentlech hunn déi zwee elo ee ganzt Joer laang trainéiert. Fir sech deenen extremen Ufuerderungen optimal ze stellen, ass een dann och all Dag n de Suedel geklomm. Dat dann och virun oder no der Aarbecht. Ganz egal wéi d'Motivatioun war. "An dat huet och heiansdo richteg wéigedoen" esou de Max.
Nieft sportlechen Ambitiounen hunn déi zwee dann och ee soziaalt Zil gesat. Sue sammelen a spenden. Zeréck ginn. Grad elo an der Pandemie, hätt een nach eemol gutt gesinn, wéi déi Persounen, deenen et net esou gutt geet, nach méi leide missten. Dofir motivéieren si op hirem Instagram a Facebook Account hir Follower ëmmer nees ze spenden. Dat entweder fir d'Asbl "Catch a Smile" a fir d'Associatioun "Le Soleil dans la Main". Bei "Catch a Smile" geet et drëms nees ee Laachen an d'Liewe vu Leit zeréck ze bréngen, déi all Grond hätten et net méi ze hunn. Si hëllefen Refugiéen a Migranten hiren eegene Wee ze goen an zu Lëtzebuerg op zwee Been kënnen ze stoen. Sief dat mat de Studien, enger Aarbecht, soziale Kontakter oder och enger Iwwerraschung vum Kleeschen. Bei "Le Soleil dans la Main" huet ee schonn zanter 20 Joer Erfarunge gesammelt am Burkina Faso Schoulen opzebauen an z'equipéieren. Aktuell schafft een bei dëser Asbl un engem Projet Kanner mat Vëloen ze versuergen. Doduerch kënne si méi einfach an d'Schoul kommen ma och méi autonom liewen.
Den Donneschden 19. August fänken déi zwee dann un an d'Pedallen ze drécken, dat um 6h52. Suivéiere kann een déi Zwee via Livetracker. Wie wëll, kann dann awer och béid Associatiounen nach ëmmer ënnerstëtzen. An déi zwee hu sech ee Gewënnspill afale gelooss. D'Leit dierfen da schätzen, wéi laang se herno effektiv brauchen. Wien am Noosten drun ass, kann dann eng eege "Vëlosbouwen"-Tenue gewannen, e Puer "Vëlosbouwe"-Strëmp. Dës Tenuen a Strëmp goufen iwwregens hiergestallt fir dann ze verkafen an den Erléis un d'Organisatioune weider ze ginn.