Nodeems d'Taliban d'Muecht an Afghanistan u sech gerappt hunn, riskéiere virun allem d'Frae vill Rechter ze verléieren déi se an 20 Joer gewonnen hunn.

Et wierkt wéi an engem schlechte Film: 20 Joer laang ware se méi roueg ginn an op mannst bei eis quasi vergiess ginn: d'Taliban. Dunn huet déi extremistesch Militär-Organisatioun de 15. August nees d'Muecht am Afghanistan u sech gerappt. Domat geet eemol eng Ära vu relativem Fridden op en Enn. Ma fir d'Fraen am Afghanistan ass elo och d'Zäit vun de Fräiheeten an der Chance op ee selbstbestëmmt Liewen elo wuel verschwonnen.

Lauschtert hei eran!

Vu 1996 bis 2001, also wärend 5 Joer waren d'Taliban eng éischte Kéier am Afghanistan un der Muecht. An deene 5 Joer kruten d'Fraen an d'Meedercher am Land eigentlech all Rechter ewech geholl. Si dierften net méi schaffen, net méi Auto fueren oder iwwerhaapt virun d'Dier goen ouni ee männleche "Beschützer". An och dann nëmme mat der Burqa, also där Zort vu Verschleierung, bei der d'Fra komplett verschleiert ass an och nëmmen duerch ee klengt Netz virun den Ae erduerch gesäit. 5 Joer an deenen aus dem soss emol esou progressive Land ee komplett islamistesche Stat gouf.

Du gouf Enn 2001 vun der UN eng nei Regierung opgesat. An no an no kruten d'Fraen nees verschidde Rechter zeréck. Esou gouf zum Beispill an déi nei Verfassung vun 2004 eng grouss Ännerung ageschriwwen. Vun den 250 Sëtzer am afghaneschen "Wolesi Dschirga", enger vun de Kummere vum Parlament, mussen am Ganze 27% vun de Sëtzer duerch Frae besat ginn. An de grousse Stied hu Fraen dann och dierfe studéieren a schaffe goen. Ouni männlech Begleedung a Burqa. Op den Dierfer war d'Vue op d'Roll vun der Fra leider net ëmmer esou progressiv. Ma Fraen dierften awer am ganze Land och Auto fueren, bei den Olympesche Spiller oder Roboter Kompetitioune matmaachen. Dëst gouf per Gesetz festgehalen.

Et war sécherlech nach vill Loft no uewe fir d'Rechter vun de Fraen am Afghanistan. Ëmmer nees hu Mënscherechtsorganisatiounen op Problemer a Mëssstänn higewisen. An d'Taliban hunn zwar an der Ëffentlechkeet elo och ëmmer nees betount, dass d'Fraen weider schaffen a studéieren dierften. Ma awer kommen elo ëmmer méi Meldungen, dass d'Taliban genee de Géigendeel vun dem Duerchsetzen, wat se ugekënnegt haten. Fir d'Afghaninnen ass d'Zukunft elo nees ongewëss. An d'Hoffnung op ee Liewen wéi si et wëllen nees geschrumpft.