Twitter huet zënter kuerzem eng nei Funktioun mat där dat soziaalt Netzwierk géint d’Verbreedung vu Falschmeldunge virgoe wëll.

Fake News si schonn zënter laangem e Problem an de soziale Medien. Zemools wärend der Coronapandemie hu Verschwierungstheoretiker Plattformen ewéi Twitter oder Facebook genotzt fir falsch Informatiounen iwwer de Virus an d’Vaccinen ze verbreeden. Aktuell benotzen déi radikal-islamistesch Taliban déi sozial Medien dann och fir hir Propaganda ze verbreeden. Ma déi verschidde sozial Netzwierker ginn ënnerschiddlech mat dëse Problemer ëm.

Twitter huet zënter kuerzem eng nei Funktioun mat där dat soziaalt Netzwierk géint d’Verbreedung vu Falschmeldunge virgoe wëll. Dës ass den Ament allerdéngs nach an enger Testphas. An den USA, a Südkorea an an Australien kënnen d’Notzer elo Tweets, an deenen hirer Meenung no falsch Informatioune verbreet gi, mellen. Ob a wéini dës Funktioun op der ganzer Welt disponibel ass, kann Twitter den Ament allerdéngs nach net soen

E ganz eegene Problem fir déi sozial Netzwierker stellen iwwerdeems d’Taliban duer. Zënter e puer Joer benotzen och si verschidde Messenger-Déngschter fir hir Messagen ze verbreeden. 2017 hunn si ugefaange Propaganda-Videoen erauszebréngen an zënter 3 Joer verbreeden och si Fake News op deene verschiddene sozialen Netzwierker.

Déi verschidde Plattforme ginn allerdéngs ganz ënnerschiddlech mat dësem Problem ëm. D’Video-Plattform Youtube hält sech an dëser Saach zum Beispill zimmlech bedeckt. D’Taliban géife vun der amerikanescher Regierung als terroristesch Organisatioun agestuuft ginn. Dowéinst géing een hinnen hir Konnte läschen. Méi Informatioune ginn et vu Youtube net.

Twitter ass do manner streng. De Spriecher vun den Taliban huet hei e Kont mat iwwer 360.000 Follower. Wéi et vun Twitter heescht, dierft hien op der Plattform aktiv sinn esou laang hien net zu Gewalt opruffe géif.

Am strengsten ass wuel Facebook. Esouwuel um sozialen Netzwierk selwer ewéi och bei Whatsapp an Instagram si Konte vun den Taliban generell verbueden. D’Konte vun Taliban ze läschen ass allerdéngs net ganz einfach. Zemools bei Whatsapp ginn et hei Schwieregkeeten. Dat well d’Noriichte verschlësselt verschéckt ginn. Dowéinst wier een hei op d’Analyse vu Profilfotoen a vun der Beschreiwung vun Chat-Gruppen ugewise fir Talibanen ze identifizéieren.

Wéineg begeeschtert vun dësem Virgoe sinn iwwerdeems d’Taliban selwer. Hier Spriecher huet Facebook op enger Pressekonferenz virgeworf d’Meenungsfräiheet anzeschränken.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!