© Pexels
Et ass eng Liewensastellung, déi een awer ganz einfach léiere kann! Mat dësen einfach Tipps gitt dir och zum Optimist.
Moies d’Aen opschloen, en Laachen am Gesiicht, aus dem Bett sprangen an duerch den Dag danzen, datt ass en Zenario deen net onbedéngt all Dag realistesch ass. Well mir hunn alleguer gutt awer och emol schlecht Deeg. Mee virun allem bei de méi schlechten Deeg gëllt et optimistesch ze bleiwen an e positive Mindset ze hunn, well da gëtt den Dag och automatesch manner schlëmm. A fir datt dir genee déi Astellung kritt, an zu engem richtegen Optimist gitt, ginn et puer Tipps:
Schreift op woufir dir dankbar sidd
Et ass ganz einfach : Huelt e Moment a schreift kuerz op wat Iech frou mécht a woufir dir dankbar sidd. Dankbarkeet an Zefriddenheet droen nämlech op Dauer zu enger méi positiver Liewensastellung bei. Virun allem wann dir dëst Moies maacht, start dir direkt mat enger méi optimistescher Stëmmung an den Dag.
Einfach vill Laachen
Laache geet esou einfach : Moies opstoen, an de Spigel kucken a sech selwer ulaachen. Dat baut Stress of, schëtt Gléckshormoner aus an hëlleft Iech ganz einfach fir ee méi optimistesche Start an den Dag. Hei gehéiert och virun allem a gewësse Momenter dozou kënnen iwwert sech selwer ze laachen. Wann mer eis also Mueres mat Aereefer, verwuschelten Hoer an hallef zouen Ae gesinn, dann einfach mol drop lass laachen amplaz d’Welt ze verfluchen.
Benotzt e positive Vocabulaire
„Ech muss nach hei“ an „ech muss nach do“, mat esou Sätz baue mer eis eigentlech nëmmen Drock an eng negativ Stëmmung op. Probéiert dach einfach nächst kéier ze soen: „Ech kann oder dierf dat maachen“. Aus enger Mussesaach gëtt esou eppes dat dir selwer wëllt an un deem dir och aktiv a positiv deelhuelt.
Evitéiert Negativitéit
Ëmgitt Iech léiwer mat Positivitéit. Well Positives zitt och Positives un. Grondsätzlech gëllt: an der Gesellschaft vun aneren Optimisten, gi mer automatesch méi optimistesch. Huelt Iech Zäit ze beobachte wei aner Leit ronderëm iech drop sinn, an notzt och direkt d‘Méiglechkeet vun aneren ze léieren.
Sidd frou mat Iech
Wat sinn är 3 beschten Eegenschaften ? Wat mécht Iech zu deem deen dir sidd ? Huelt Iech e Moment a maacht Iech Gedanken. Wann der är Eegenschafte fonnt hutt, da widderhuelt Iech se ëmmer erëm. Akzeptéiert Iech net nëmme mee appreciéiert Iech selwer. Well mer sinn all eenzegaarteg. A wa mer eis dees emol bewosst sinn, ginn d’Welt an och mir selwer e bësse besser!