Summerlech EDM Single "Feel Your Vibe" vun zwee lëtzebuergesche Museker.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Den Alex Magar kennt een an der lëtzebuergescher DJ-Zeen als Almight A. Hei am Land huet hie schonn op bekannte Platzen, wéi dem Melusina, dem e-Lake Festival oder der Tunnel Disco zu Bech opgeluecht.

Wärend deene leschte Joren huet den Almighty A dann och ugefaangen ëmmer rëm selwer Musek ze schreiwen an ze produzéieren.

RTL

© Eldoradio

Leider gouf de Museker am Joer 2020 vun der Corona-Pandemie gebremst, mee hien huet sech eppes afale gelooss, fir trotzdeem kennen weider Musek ze maachen.

"Ech hunn och ugefaange mat Streamen an ech war och bei e puer Formater mat dobäi. Mee ech hunn awer och weider meng Beats gemaach a meng Texter geschriwwen. Ech hunn ni opgehale Musek ze maachen."

Elo huet den Almighty A dann seng neiste Single "Feel Your Vibe" produzéiert. Hei huet hien sech mam Sänger a Kolleeg Simon Rivers zesummegedoen, mat deem hie schonn déi eng oder aner Single released huet.

"An der Single geet et eigentlech dorëms, dass de Protagonist aus bësse méi schwéiere Situatiounen kënnt, déi typesch Herzschmerz Geschichten, datt d’Bezéiung  ebe mat enger gewëssener Persoun futti geet. An et vertraut een deene Leit net méi sou vill."

Mat der Single probéieren déi 2 Museker ze erklären, dass een no enger zerbrachener Bezéiung net soll opgi mee ëmmer dat positiivt dra soll gesinn.

Vue dass et am Moment rëm méiglech ass live opzetriede probéieren den Alex an de Simon och an Zukunft eng Kéier zesumme mat hirer neier Single op der Bün ze stoen.

"Et ass och  vill méi cool fir d’Zuschauer well et ass net nëmmen den DJ deen hannert dem Mëschpult hänkt mee et ass effektiv da méi Action op der Bün an dat ass dann och bësse méi cool fir d’Leit."

Fir d’Zukunft hunn déi zwee Museker awer och nach eng Rei Saache geplangt. Den Alex huet eis verroden, dass hie souguer scho puer Lidder prett hätt fir ze releasen. Eng weider Single zesumme mam Simon Rivers ass dann och en Vue.

Wien déi zwee Museker well live erliewen, kann dëst dann an deenen nächste Wochen am Melusina an der Tunnel Disco erliewen.