Méi gesond, méi dënn, méi muskuléis,... D'Lëscht vun de gesonden Trends ass laang. Mee soll een déi och wierklech matmaachen?

Jus-Kuer

Een Trend deen et scho laang gëtt an och séier Resultater versprécht: eng Kuer mat Jus. Et soll déi perfekt Aart a Weis si fir Gewiicht ze verléieren an dem Kierper mega vill Vitaminnen ze verschafen. Ma genee dat ass awer héich ëmstridden. De Kierper kann nämlech all Dag nëmmen ee gewëssen Deel u Vitaminnen zou sech huelen. De Rescht gëtt ausgescheet. Ausserdeem riskéiert een immens vill Zocker zou sech ze huelen a wéineg Ballaststoffer ze kréien. Dat wëll een d'Friichte jo just auspresst an de Jus drénkt awer net déi ganz Fruucht consomméiert.

Lauschter hei eran!

"Bulletproof"-Kaffi

Dësen Trend soll vun den tibetanesche Sherpaen inspiréiert gi sinn, déi fir de Wee op de Mount Everest ganz speziell Boostere gebraucht hunn. Dofir réieren dës Sherpaen sech Yakbotter an hiren Téi ier se dann erop klammen. Ma wann och d'Sherpae sécher extra vill Energie an Ausdauer brauchen, klammen déi mannst vun eis op de Mount Everest. Am Bulletproof-Kaffi ass dann dacks Botter, Ghee oder Kokosnossueleg dran. An och wann e villäicht wakreg mécht, mécht en och virun allem, dass de Risiko fir Häerzinfarkter oder aner Häerzgefäss-Erkrankungen extrem séier klëmmt.

Lutschen déi den Honger bremsen

Ee ganz geféierlechen Trend: Lutschen déi maachen, dass een net méi hongreg ass. Och wann dat villäicht eng lackeleg Iddi ass, ass dat och einfach geféierlech. Besonnesch wann och Stare wéi d'Kim Kardashian déi Lutschen bei hire Fans promoten. Grad Jonker, déi mat hirem Selbstbild kämpfen riskéieren op dës wëllen zeréck ze gräife, fir wéi hir Stars auszegesinn. Besser ass et ze léieren op de Kierper an eist Sättegungsgefill ze lauschteren.

Allgemeng ass déi eenzeg gëlle Regel: erniert iech ofwiesslungsräich an equilibréiert. Maacht Sport fir fit ze bleiwen. Hutt Spaass um Kachen an Iessen. A behandelt iech an äre Kierper gutt, well der hutt just deen Een an ärem Liewen.