Am Kader vum Festival Congés Annulés an de Rotondes hu mir déi zwou Newcomer-Bands Sheebaba an The Cookie Jar Complot duerch den Owend begleet.

E Méindeg den Owend hunn déi zwou lëtzebuergesch Museks-Gruppen SheebabaThe Cookie Jar Complot op der Open-Air-Bün an de Rotondes gespillt. Et war hiren alleréischte Concert an där Konstallatioun! Mir hunn d'Bands de ganzen Owend iwwer begleet an d'Stëmmung virum an nom Concert agefaangen.

Sheebaba hunn dann den Optakt vum Owend gemaach. Mat hirem experimentelle Sound aus Effekter, Gittar, Bass a Gesang hu si net nëmmen eng akustesch mee och eng visuell Performance gewisen.

RTL

© Eldoradio

Duerno war et dann un der Indie-Rock Band The Cookie Jar Complot. Déi 4 Museker hu wierklech alles ginn an d'Publikum matgerappt.

RTL

© Eldoradio

Et war wierklech ee gelongenen Owend an och dem Publikum huet et immens gutt gefall. Déi zwou Gruppen hunn eng gutt Performance ofgeluecht a konnte fir gutt Stëmmung suergen.

Newcomer: Mir begleeden d'Bands beim éischten Optrëtt