Se sinn nerveg, net schéin a kënnen och nach wéi doen: déi rout Plazen nom raséieren. Dobäi kann ee se mat e puer Tricks zimmlech gutt evitéieren.

Eng glat Haut ouni een eenzegt Hoer ass fir ganz vill Leit den idealen Zoustand. Wien net mat Wues oder epiléiere géint d'Hoer wëll virgoen gräift da meeschtens zu der Gillette. Do kann et da just virkommen, dass d'Haut nom raséieren zwar keng Hoer méi opweises huet, mee dofir awer esou onangeneem rout Punkten. Dës loossen sech awer evitéieren andeems een op e puer Saachen oppasst.

Wat sinn déi kleng rout Pickel iwwerhaapt? Ma ganz einfach eng Reizung vun der Hoerwuerzel. Dat kënnt eeben duerch d'Messeren vun der Gillette. Zousätzlech sinn dës dann heiansdo nach duerch Keimer veronrengegt. Dofir geet de Kampf géint d'Raséierpickel schonn un ier een sech iwwerhaapt raséiert. Wichteg ass eng propper Gillette, also eng déi een net ze laang genotzt huet, an doduerch och nach net stomp ass. Dat verletzt d'Haut just onnéideg. D'Hoer sollten och besser net ze laang sinn, soss ginn d'Hoer éischter matgerappt wéi raséiert. Ausserdeem soll virun (an och nom) Raséiere kee Produit mat Alkohol op der Haut opgedroe ginn.

Wann een da lassleeë wëll ass et och wichteg, dass d'Haut naass ass a mat Ueleg oder Raséiergel zousätzlech geschützt ass. Dann ass et ganz wichteg an déi richteg Richtung ze raséieren! Jo richteg: et muss een an déi nämmlecht Richtung raséieren wéi d'Hoer och wuessen an net dogéint! Och wann dat ganz dacks a Reklamme komplett falsch gewise gëtt.

No dem Raséieren ginn et dann och nach eng Rei Saachen op déi een oppasse soll. Eemol: keen Deo direkt un d'Haut. Änlech wéi den Alkohol irritéiert dat d'Haut just onnéideg, an den Deo ka sech an der Wonn festsetzen. Och soll een net direkt duerno Sport maachen. Well Salz an eng oppe Wonn fillt sech jo bekannterweiss net gutt un. Weider sollen d'Kleeder net ze en uleien. Wat d'Haut méi ootme kann, wat besser. Zum Schluss ass d'Haut och frou driwwer wa se e bësse gekillt gëtt. Domat hëllefe mer eise Poren, dass se nees zou ginn.

Et ass villäicht am Ufank vill Aarbecht, ma är Haut seet iech awer sécher Merci, an dir fillt iech nach eemol méi wuel an ärer (glater) Haut!