Am Idealfall mécht eis Aarbecht eis wierklech Spaass an erfëllt eis. Richteg gutt ass et dann wann aus Aarbechtskolleegen, "Frolleege" ginn!

Mer Mënsche sinn eigentlech immens sozial Wiesen. An dat ass och op der Aarbecht net anescht. Dofir ass et net wierklech verwonnerlech, dass mer och op der Aarbecht sozial Relatioune fleegen. An da kënnen aus de Kolleegen op der Aarbecht och emol Frolleege ginn.

Lauschtert hei eran!

All Dag sëtze mer ëm déi 8 Stonnen nieft anere Persounen op der Aarbecht. Déi mer eis am Viraus net erausgesicht hunn. Ma mat der Zäit léiert ee sech kennen: et weess ee wat deen anere gären ësst no e puer Mëttespausen zesummen. Bei engem Feierowendbéier am Café léiert een dann wat deen anere gären a senger Fräizäit mécht an och mat wiem en déi verbréngt. An esou gëtt no an no aus der Aarbechtsbekannschaft eng Aarbechtsfrëndschaft.

Wat ee méi Zäit an der Fräizäit matenee verbréngt, wat dës Relatioun och méi perséinlech an déif gëtt. An dat ass och gutt esou! Esou Frolleegen op der Aarbecht kënnen eng immens wichteg Stäip fir eis sinn. Besonnesch dann, wann et eis emotional emol net esou gutt geet. Egal ob, dat elo Stress am Privatliewen oder op der Aarbecht ass.

Virun allem profitéiert och den Employeur vun esou engem positiven Aarbechtsklima. Etüden hu gewisen, dass ee méi produktiv schafft wann ee wéinstens eng Persoun op der Aarbechtsplaz huet mat der ee sech richteg gutt versteet. Och ass et besser fir d’Atmosphär um Büro wann d’Ekipp sech ënnertenee gutt versteet an doduerch och géigesäiteg de Réck stäipt. Weider ass ee méi kreativ mat engem Buddy un der Säit, an et traut ee sech éischter un nei Projeten an Aufgaben erun.