Kennt der dat? Der hutt eng gutt Sport-Session ageluecht an zwee Deeg mellt e sech: den decke fette Muskelkater. Mee wisou kënnt deen net direkt?

Egal ob ee gewinnt ass Sport ze maachen oder nees ugefaangen huet: ee Muskelkater kann et ëmmer emol ginn. Dësen e bësse méi batteren Nogoût vun enger Training-Session entsteet dann, wann de Muskel falsch oder ongewinnt vill belaascht gëtt. An de Muskelfaseren entstinn nämlech kleng Rëss bei der ongewinnter Ustrengung. Dës Rëss ginn dann duerch Brochstécker vun Eewäiss gereizt. Doropshi sammelen sech da Flëssegkeeten an de Rëss. Et kënnt zu Schwellungen an Entzündungen an et deet wéi.

Mee wisou dauert et bis den zweeten Dag nom Training, dass et esou richteg wéideet? Ma an eise Muskelfaseren si keng Rezeptore fir Péng. Et dauert also bis eise Kierper checkt, dass eppes lass ass an eise Muskelen. Et sinn eeben d’Stoffer vun den Entzündung déi aus de Muskelfaseren eraus a bis bei eis Nervenzelle mussen transportéiert ginn. Eréischt dann entsteet Péng. An dat geschitt eeben am Laf vu Stonnen an net Sekonnen.

Wann et da bis wéideet ass dat zwar onangeneem, mee och kee Weltënnergang. Wat een da muss maachen ass am Beschten net ganz inaktiv bleiwen. Dat heescht awer net nees extrem weider trainéieren. Scho gemittlech trëppele goen oder eng Ronn schwammen di gutt. Wann een dann nach bewosst a gesond ësst kritt de Kierper alles fir sech séier ze regeneréieren.

Lauschtert hei eran!