D'Gemeng Suessem huet elo eng éischte Kéier ee Workshop fir mental Gesondheet fir seng Bierger ugebueden. Mat groussem Succès!

Een "éischt Hëllef Kuer" fir eis mental Gesondheet. Dat gëtt et effektiv, an d'Gemeng Suessem huet elo esou ee Workshop fir seng Bierger ugebueden. Dat nodeems ee schonn eng éischte Kéier esou ee Workshop bei de Mataarbechter vun der Gemeng selwer opgesat hat. An och do war dem Annick Spellini no den Echo ganz positiv. Virun allem well d'Mataarbechter doduerch geléiert hätten sech an och aneren ze hëllefen.
Donieft ass ee frou dëse Sujet esou weider an der Ëffentlechkeet ze thematiséieren. Leider wier et nach ëmmer een Tabuthema iwwert mental Gesondheet an d'Problemer déi domat zesummenhänken ze schwätzen.

De Workshop ass op 4 Modulen, also 4 Owender opgebaut. All Modul dauert dann 3 Stonne. A gehale gëtt de Workshop vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène mentale. Am Workshop ginn dann eemol Sujeten wéi "Wat ass mental Gesondheet?", Depressiounen, Angschtéierungen oder och Psychosen behandelt. Ma nieft dem Verstoen, soll een de Workshop och bei sech a sengem Ëmfeld notze kënnen. Mat Hëllef vu 5 Schrëtt déi een am Laf vum Workshop bäibruecht kritt. Dës Schrëtt kann a soll ee sech dann ëmmer nees ofruffen, wann een mat enger Situatioun konfrontéiert ass, an der et engem selwer oder eng Persoun mat der een ze dinn huet net gutt geet.

Lauschtert hei eran!

Fir d'Buergemeeschtesch vu Suessem, d'Simone Asselborn-Bintz ass et och schéin ze gesinn, dass de Workshop vill gefrot ass. De Workshop war nämlech schonn a kierzester Zäit komplett. Aktuell géifen nach ëmmer vill Leit sech umelle wëllen, déi een op mannst fir de Moment vertréischte misst. Et géing een nämlech schonn iwwerleeën dëse Workshop nach méi dacks unzebidden. Och well ee kloer géif gesinn, dass net nëmme Jonker oder eeler Persoune sech umellen. "Et ass och vu bis. Dat heescht et si ganz Jonker bis wierklech méi eeler Leit déi sech hei ugemellt hunn. Mer gesinn, dass den Interessi wierklech do ass. D'Demande ass do. Dofir denken ech, dass dat villäicht eng "best practice" ass fir aner Gemengen oder Asbl'en fir selwer esou ee Workshop opzesetzen" esou d'Buergermeeschtesch weider.

Wien elo selwer interesséiert ass esou ee Workshop z'organiséieren, kann och weider Informatiounen um Site vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène mentale ënner www.llhm.lu fannen.