Dass d’Leit méi doheem gekacht hunn, huet een och doru gemierkt, dass d’Menagë méi Sue fir elektronescht Kichegeschier ausginn haten.

D’Horeca war wuel ee vun de Secteuren, déi am stäerkste vun der Pandemie vum Coronavirus betraff waren. Ganz laang hunn d’Restauranten an d’Caféen zejoert nëmme bis Mëtternuecht dierfen op hunn. Zäitweis waren se esouguer komplett zou.

Dat huet logescherweis dozou gefouert, dass d’Leit manner Suen an de Caféen a Restauranten ausginn hunn. An enger Etüd huet de Statec sech ugekuckt wou d’Leit hir Suen amplaz ausginn hunn.

Dat éischt, dat een aus der Etüd vum Statec erausliese kann ass, dass d’Joer 2020 effektiv ee ganz schwieregt fir d’Horeca war. Wärend d’Lëtzebuerger Stéit 2019 an der Moyenne ronn 2.400 € an de Restauranten ausginn hunn, waren et der zejoert nëmmen nach ronn 1.450. Déi nämmlecht Entwécklung gouf et bei de Caféen. Wärend ee Stot hei 2019 am Schnëtt 540 € ausginn huet, waren et der zejoert nach 204. D’Depense fir sech Iesse liwweren ze loosse sinn zwar vu 518 op 645 € geklommen. Dat geet allerdéngs bei Wäitem net duer fir d’Verloschter op der Consomatioun op der Plaz ze kompenséieren.

Ma wou hunn d’Stéit, déi Suen, déi se bei de Restaurante gespuert haten dann amplaz ausginn. D’Äntwert dierft wéineg iwwerraschen. D’Leit hunn nämlech méi Saache kaf fir doheem ze iessen. Wärend ee Stot 2019 an der Moyenne nach ronn 5.830 € fir Nahrungsmëttel ausginn huet, waren et der zejoert bal 7.180. Ënner anerem hunn d’Leit zejoert däitlech méi Sue fir Uebst a Geméis a fir Fleesch ausginn ewéi nach 2019. Déi däitlechst Hausse gouf et awer beim Alkohol. Wärend ee Stot 2019 an der Moyenne nach 414 fir alkoholescht Gedrénks ausginn hunn, waren et der zejoert 727.

Dass d’Leit méi doheem gekacht hunn, huet een iwwerdeems och doru gemierkt, dass d’Menagë méi Sue fir elektronescht Kichegeschier ausginn haten. D‘Dépensë fir dës Apparater si vun 106 € am Joer 2019 op 168 am Joer 2020 geklommen.

Lauschtert hei den 1. Deel vum Reportage!

Ma um Héichpunkt vun der Coronapandemie waren net nëmmen d'Caféën an d'Restauranten zou. Och verschidde Bürosgebaier stounge wärend Wochen oder esouguer Méint eidel. Dat well déi Ugestallten wärend dëser Zäit am Homeoffice geschafft hunn. Ma och den Homeoffice hat Auswierkungen op de Konsum vun de Leit hei am Land.

Esou dierft et zum Beispill kaum iwwerraschen, dass d’Menagen hei am Land an der Moyenne zejoert manner Sue fir Bensinn ausginn haten, ewéi dat nach 2019 de Fall war. Wärend ee Stot hei am Land 2019 am Schnëtt nach 1.156 € u Bensinns-Käschten haten, waren et der zejoert nëmmen nach 941. Well manner Leit op d’Aarbecht gefuer sinn, dierft et dann och net iwwerraschen, dass d’Kantinne manner Ëmsätz gemaach hunn. Wärend ee Stot 2019 an der Moyenne 278 Euro an de Kantinnen ausginn hat, waren et der zejoert nach 171.

Den Teletravail huet dann och dozou gefouert, dass d’Stéit méi Sue fir informatescht Geschier ausginn hunn. Dës Depensen si vun 332 € am Joer 2019 op 450 € am Joer 2020 geklommen.

Nieft de Büroe waren och d’Handwierksbetriber eng Zäit laang zou. Ma et schéngt ewéi wa vill  Leit doduerch selwer doheem geschafft hunn. D’Depense fir Handwierksgeschier si vun 2019 op zejoert ëm ronn 34 Prozent geklommen. Dat vu 585 op 785 €.

D’Leit hunn awer net nëmmen doheem geschafft. Si hunn sech och verstäerkt mat hiren Hobbye beschäftegt. 2 Beispiller maachen dat besonnesch däitlech. Esou haten d’Leit zejoert 3 mol esouvill Sue fir Fräizäitaktivitéiten a Museksinstrumenter ausginn ewéi nach 2019. Dës Depensen si bannent engem Joer vu 24 op 72 € geklommen. Nach méi beléift ewéi d’Musizéiere war wärend der Pandemie wuel nëmmen d’Vëlosfueren. Wärend ee Stot 2019 an der Moyenne 129 € fir de Kaf an d’Reparatioun vu Vëloen ausginn hat, waren et der zejoert 634.

Lauschtert hei den 2. Deel vum Reportage!