Mat "Shang-Chi and the Legend of the Ten Rings" geet d’Marvel Universum an déi nächst Ronn.

Shang-Chi ass wéi déi meescht Origin Stories an all Hisiicht e Marvel Film am gudden an am schlechte Sënn a bei Shang-Chi kann een et relativ kloer tëscht der éischter an der zweeter Hallschent vum Film gesinn.

Déi éischt Hallschent vum Film huet menger Meenung no vill ze bidden. En hallefwees erfollegräiche Versuch “Crouching Tiger, Hidden Dragon” ze replikéieren, ee sympathesche Protagonist an en angeneem heemlechen Abléck an d’Kultur vun Asian Americans. Komplementéiert gëtt et vu Kampfzeenen déi warscheinlech zu de besseren am Marvel Cinematic Universe gehéieren, zemools wat d'Choreographie ugeet. Ouni ze vill Comic Superkräfte fillt sech déi éischt Hallschent vum Film bal wéi eng nei Generatioun vu Martials Arts Filmer un.

An no dësen Ablécker a wat Marvel maache kéint fir d’Origin Stories vun hire Superhelde frësch an nei ze hale kënnt déi zweet Hallschent, déi éierlech gesot e bëssen déi interessantesten Deeler vum Film bal zur Fënster eraus geheit.

Wien awer nach net midd vun der Marvel Formel ass kritt hei alles wat ee sech wënsche kéint. De Protagonist dee säi Schicksal ergräift, d’Welt muss gerett ginn an ee Béisewiicht dee béis ass well de Superheld jo op iergendeppes klappe muss. Verstitt mech net falsch: d’Marvel Formel kritt mech no 13 Joer nach ëmmer ënnerhale mee e bëssen Ofwiesslung an Nuance an hire Stories géingen de Marvel Filmer wierklech hëllefen net nëmme wéinst dem Numm aus der Mass erauszestiechen.

"Shang-Chi and the Legend of the Ten Rings" ass ee relativ klore Fall vu Marvel Standard: A kenger Hisiicht schrecklech an zu de gréissten Deeler ënnerhalsam mee näischt Welt-Bewegendes.