D’Witcher Franchise huet eng impressionant Geschicht hannert sech.

Wat 1990 mat engem Dark-Fantasy Buch a Polen ugefaangen huet ass zënter deem zu engem Franchise gewuess dat elo an all Medie-Format representéiert ass. Am rezentsten a bekanntste si warscheinlech d’Spill The Witcher 3: Wild Hunt an d’Serie mam Henry Cavill.

Déi neisten Additioun zu der Kollektioun koum elo a Form vun engem Süd-koreanesche Animatiounsfilm op Netflix: The Witcher: Nightmare of the Wolf.

Fänke mer mat der Geschicht vum Film un. Ech hu selwer nach net d’Zäit fonnt fir mech komplett an d’Witcher-Universum ze stierzen deemno kann ech net genau bewäerten ob de Film story-technesch eng gutt Erweiderung vun de Bicher a Spiller ass mee no e bësse Recherche wat Fans vun de Bicher soen, schéngt de Film e puer artistesch Fräiheeten ze huelen ouni ze grouss géint d’Lore vum Universum ze goen. Als geschlosse Geschicht liwwert The Witcher: Nightmare of the Wolf awer eng zolidd a relativ zougänglech Story mat engem angeneemen Tempo. Mat enger Lafzäit vun 83 Minutte zitt de Film näischt onnéideg an d’Längt a konzentréiert sech am Platz op seng gréisste Stäerkt: D’Kampfzeenen a Animatioun.

The Witcher: Nightmare of the Wolf huet nämlech richteg gutt Kampfzeenen déi aneren Anime definitiv d’Waasser reeche kann. D’Fäegkeete vun de Witcher goufe bewosst ee bësse méi bombastesch gemaach mee dofir kritt ee kloer, originell a brutal Kampf-choreographien déi d’Action wierklech gutt eriwwer bréngen.

The Witcher: Nightmare of the Wolf ass warscheinlech am beschte mat der exzellenter Castlevania Serie ze vergläichen, en aneren Anime deen ech niewebäi och nëmme recommandéiere kann.