Hutt der iech schonn eemol gefrot ob déi Saachen déi der iesst villäicht op anere Plaze vun der Welt guer net erlaabt sinn?

Wat bei eis erlaabt ass, ass an anere Länner een absoluten No-Go oder och carrément verbueden! An dat ass och net anescht bei eise Liewensmëttel. An d'Grënn dofir sinn dann och ganz ënnerschiddlech.

Séissegkeeten

Loscht op eppes Séisses?! Ma da kommt mer fänken u mat eise Schneekegkeeten. Esou eng lecker Kinderüberraschung kann een einfach ëmmer an iwwerrall iessen. Naja, net iwwerrall: dës Séissegkeet dierf op kee Fall an den USA consomméiert ginn. De Grond: et kéint ee sech un der Iwwerraschung am Schockelasee verschlécken. An esou eng kleng oder och grouss Portioun M&M's kann een och nach era feieren. Ausser et sëtzt ee grad a Schweden. Do sinn d'Schocklasdrageeën nämlech net gär gesinn. Hei gëtt et nämlech schon eng änlech Schneekegkeet déi sech "M" nennt a vun der schwedescher Mark Marabou produzéiert gëtt.

Lauschtert hei eran!

Defteges

Wann der schonn an engem indesche Restaurant waart, da kennt der villäicht Samosas. Déi dräieckeg-geformten Entréeën ginn et mat Fleesch, mat Fësch oder och an der vegetarescher Versioun. Do dierft et jo och kee Grond ginn dës ze verbidden oder? Ausser et wunnt een am Süde vu Somalia. Do huet nämlech déi islamistesch Miliz Al-Shabaab d'Kontroll an d'Samosas einfach emol verbueden. De Grond: déi dräieckeg Form géif un déi chrëschtlech Dräifaltegkeet erënneren. An de Schotten hir Relatioun zum Haggis ass zwar net reliéis mee weltbekannt. An den USA dierf een dës ... ganz speziell Spezialitéit awer net iessen. Dat läit awer net um Schofsmo, de Schofsaen oder dem Blutt déi dora verschafft sinn. D'US-Amerikaner stéiere sech haaptsächlech un der Schofslong déi zanter iwwer 40 Joer verbueden ass.

Frësch Mëllech

Frësch Mëllech direkt vum Bauer kaf. Dat ass eppes, wat effektiv a ganz ville Länner op der Welt net erlaabt ass. De Grond ass de Risiko vu Veronrengegungen oder Bakterien an der Mëllech. Verbueden ass déi onbehandelt Mëllech a 24 vu 50 Us-Staaten, Schottland, Australien an och Kanada. A Kanada geet dat esou guer sou wäit, dass een och kee Parmesan, Camembert oder soss Kéis ze kafe kritt deen aus dëser Mëllech hirgestallt gëtt.