Promis sinn zwar eigentlech just Mënschen an awer och iergendwei net. A verschidden Assurance fir Kierperdeeler beweisen dat nach eemol.

Egal ob laang oder kuerz, dënn oder méi déck: eis Been sinn immens wichteg fir eis Fortbeweegung. Ma bei de Staren ass dëse Kierperdeel och richteg beléift. Ganz dacks ginn dës nämlech och verséchert: beim Heidi Klum, Rihanna, Taylor Swift oder och dem David Beckham.
Am deiersten hunn awer wuel de Cristiano Ronaldo an d'Mariah Carey hir Been verséchere gelooss. Beim Cristiano sinn d'Been fir ganzer 212 Milliounen US-Dollar verséchert. Ëmmerhi si si de Grond fir seng Karriär. Dës Zomm toppt d'Pop-Diva Mariah Carey awer labber. Seng gëlle Been sinn einfach emol fir ronn 900 Milliounen US-Dollar verséchert. Eenzeg Konditioun: se sinn nëmme verséchert sou laang d'Mariah och brav Sport mécht a seng Been gutt versuergt.

Méi skurril ass et da beim Bruce Springsteen oder och beim Rod Stewart. Déi zwou Rocklegenden hunn natierlech duerch hir markant Stëmmen iwwerhaapt konnte Karriär maachen. Ma an hir Stëmmbänner sinn dann och fir Assurancen wichteg genuch gewiescht fir dës ze versécheren. Beim Bruce géife ronn 6 Milliounen Dollar op den Dësch geluecht ginn a beim Rod Stewart sinn et da "nëmmen" nach 5.5 Milliounen.

Lauschtert hei eran!

An ee schéint a léift Laache kascht bekanntlech näischt. Ausser et heescht een Julia Roberts. D'Schauspillerin ass jo weltwäit bekannt fir säi markant Laachen. A wann hatt bis emol näischt méi ze laachen huet, da muss eng Versécherung einfach emol 21,9 Milliounen US-Dollar bezuelen.