De Mënsch ass ee Wiese mat Gewunnechten. Ma net all dovu sinn awer gutt. A folgend misste mer eis wierklech emol ofgewinnen:

1. Lästeren

Hand op d'Häerz: iergendwann maache mer et alleguer. A verschiddenen Etüden no soll dat och effektiv zum Deel gutt sinn, zum Beispill fir eng Grupp zesummen ze schweessen. Ma eigentlech ass et awer eng ganz schlecht Gewunnecht déi mer do hunn. Et kascht eis nämlech vill Energie a kann eis och moralesch immens erof zéien. Donieft kann et sinn, dass mer eng aner Persoun ouni Grond verurteelen oder eng Situatioun falsch aschätzen an doduerch alles verschlëmmeren. Dat nämmlecht gëllt iwwregens fir d'Gewunnecht vum meckeren: dat nervt och just d'Leit ronderëm iergendwann gewalteg, an doduerch fänke Leit un iech dann och ze meiden.

Lauschtert hei eran!

2. Ongesond liewen

Dat ass villäicht net bei jidderengem de Fall. Et gi Leit déi sech wierklech beherrschen an op sech an hir Gesondheet total oppassen. Mee wéi vill ënnert eis bréngen et net fäerdeg? Well ongesond liewe bedeit méi wéi just gesond Liewensmëttel zou sech huelen oder Sport maachen. Et bedeit och, dass mer genuch schlofe mussen, genuch Fräizäit fir eis aplangen a keen Alkohol oder soss schiedlech Saachen zou eis huele sollen. Mat klenge Schrëtt déi een no an no a seng Routine abaut kann ee sech a sengem Kierper awer ee Gefale maachen an déi eege Gesondheet nohalteg verbesseren.

3. Zum Smombie mutéieren

Eise léiwe Smartphone ass ëmmer bei eis. A bei verschiddenen ass en och ëmmer am Grapp. Egal op dat elo am Bett, am Bus, op der Toilette oder och beim Iessen ass. Ma dee leschte Punkt ass awer och dann immens onhéiflech wann aner Leit dobäi sinn. Schlëmmer nach wann ee mat anere Leit schwätzt a gläichzäiteg awer weider op de klengen Écran stuerkt. Amplaz also zum Smartphone-Zombie ze mutéieren: besser den Handy emol ewech leeën, a sech op d'Leit virun a ronderëm ee konzentréieren. Well soss sinn dës iergendwann villäicht net méi do.