Fir déi 12t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Säit deene leschte Joren huet sech immens vill an der lëtzebuergescher Hip-Hop Zeen gedoen. Net ganz onschëlleg sinn dorunner dann och den Tun Tonnar aka Turnup Tun an de Thomas Roland, deen als Maale Gars ënnerwee ass.

Nom Tun sengem Studium zu Berlin huet hien dann och hei a Lëtzebuerg ugefaangen als Museker, Beatmaker a Filmproduzent ze schaffen.

"Ech hunn dohanne Music-Producation am Abbaye Road Institute studéiert. An do hunn ech immense vill dobäi geléiert obwuel ech och virdru well produzéiert hunn an och schonn ëmmer Musek gemaach hunn.  An do konnt ech ganz vill nei Saache fir mech mathuelen an och eben déi Kontakter déi ech do konnt maachen."

RTL

© Eldoradio

De Maale Gars huet zwar keng Produktioun studéiert, mee seng Léift zur Musek ass dofir awer net manner grouss. Och hie mécht scho säit Jore Musek an huet éischter an enger Rockband ugefaangen. Eréischt an deene leschten 2 Joer ass hien als Maale Gars an der Zeen opgetrueden a krut direkt groussen Zoulaf.

Duerch hier Frëndschaft hunn den Turnup Tun an de Maale Gars dann och am Joer 2020 hiert Lidd "Alles Versicht" zesumme released.

Vue dass de Live-Business esou lues erëm uleeft, haten déi zwee Kënschtler virun e puer Wochen dann och endlech rëm een Optrëtt zesummen.

"Ech kann nëmme soen, dat huet sech wierklech wéi ee Befreiungsschlag ugefillt. Fir mech war dee Concert zu Käerch ee vun dene schéinste Momenter a mengem Liewen. Dat war wierklech ganz grousse Kino, an d’Leit ware wierklech just wéinst eis do an et war net ee Festival, wou nach anerer gespillt hunn. Et war ebe just de Maale Gars a Stay Fou."

Bei der Rocklab Pop-Up Session gouf sech rëm fir eng ganz speziell Location entscheet. Dës Kéier sinn déi zwee Museker am Sall vum European Convention Centre opgetrueden.

"De Raum ass wonnerschéi gewiescht. Ech menge wann een dat kuckt da gesäit ee wéi impressionant de Raum an och d’Beliichtung sinn. Am Fong hu  mir selwer guer net méi sou vill misse bäidroen dass et gutt ausgesäit. Ech hätt mer ni geduecht dass ech eng Kéier sou éierens géif optrieden."

Wärend der Rocklab Pop-Up Session hunn déi zwee Museker dann zwee eege Lidder gesongen awer natierlech dierf och hire gemeinsame Song "Alles Versicht" net feelen.

Déi zwee Museker wäerten awer och an Zukunft nach eng Rei nei Saache releasen. An och eng Kollaboratioun tëschent deenen zwee Rapper kommen.

Déi nei Rocklab Pop-Up Session wäert dann ab den 15. September ab 8 Auer op Youtube disponibel sinn.