Just well mer gewinnt sinn ee gewëssen Objet op eng bestëmmten Aart a Weis ze notzen, heescht dat net, dass dat iwwerall esou ass.

Stroossenimm

Wann een eis freet wou mer da wunnen, kënne mer him net nëmmen eng Uertschaft, mee och den Numm vun eiser Strooss nennen. Ma dat ass awer net iwwerrall op der Welt esou! Effektiv huet de Gros vun de Stroossen a Japan keen Numm. Amplaz ze soen: "Ech wunnen um Boulevard Pierre Frieden" soen d'Leit a Japan "Ech wunnen am Block 3". An och d'Wunnregioun Graan voor Visch an Holland kënnt ganz ouni Stroossennimm aus. Dofir stinn an de Stroossen dann och Schëlder déi weisen wéi eng Hausnummeren an deene Stroosse sinn.

Frigo

Een Objet dee mer och wierklech all Dag notzen a brauchen ass eise Frigo. An do verstaut een jo all seng Liewensmëttel déi een am Supermarché kaf huet. A Korea huet een awer ee Frigo an deem just eppes verstaut gëtt: Kimchi! An dat ass dann och keen normalen, mee ee spezielle Kimchi-Frigo. An engem gewéinleche Frigo géif dat fermentéiert Geméis no enger Woch schonn ëmgoen. An de Kimchi-Frigoen ass et awer méi kal, d'Temperatur méi konstant, d'Loftfiichtegkeet méi héich an och d'Zirkulatioun vun der Loft méi geréng. An doduerch hält de Kimchi dann och bal 4 Méint amplaz vu just e puer Deeg.

Luuchteschalter

D'Brite maachen d'Saache jo nawell allgemeng gären e bëssen anescht wéi déi aner. Esou dann och bei de Luuchteschalteren an der Buedzëmmer. Aus Angscht, dass duerch d'Fiichtegkeet beim Duschen Waasser an den normale Luuchteschalter era kënnt, huet een dës dann ëmgebaut. Dofir hänken och haut nach heiansdo an alen engleschen Haiser esou Kordelen fir d'Luucht unzemaachen.

Mëllech a der Plastiktuut

D'Kanadier an d'Mëllech ass effektiv eng Story fir sech. Wärenddeems réi Mëllech, an doduerch och Parmesan verbueden ass ass och bei der normaler Mëllech alles anescht wéi gewinnt. D'Kanadier schweessen hir Mëllech nämlech a Plastikstuuten an. Ouni ee Verschloss, eng Plaz fir se opzemaachen oder änleches. Dofir brauch een dann extra Behälter déi ausgesi wéi ee Moossbecher. Wierklech praktesch oder ëmweltfrëndlech ass déi Verpackung sécher net.