Wien dacks de Fliger hëllt, huet et sécher scho gesinn: ee klengt Lach an der Fënster. Mee wisou ass dat do?

Ready for take off! Et sëtzt een am Fliger an et huet ee souguer d'Chance gehat eng Plaz direkt bei der Fënster ze kréien. Wärenddeem der eraus kuckt gesäit een op eemol esou ee winzeg klengt Lach an der klenger Fënster. Wisou ass dat esou?

Am Fliger freet een sech ëmmer wann ee bei der Fënster sëtze kann. Da kann ee wärend dem Fluch och profitéieren an e bëssen eraus kucken, an d'Länner ënnert sech laanschtzéie gesinn. Wat een an esou enger Situatioun, esou vill Kilometer iwwert dem séchere Buedem, sécher net wëll: ee Lach an der Fënster! Ma esou ee Lach ass awer an all Fënster dran. Dat awer op enger ganz bestëmmter Plaz an och an enger virgeschriwwener Gréisst. Also scho mol kee Grond zur Panik

Lauschtert hei eran!

Wat mécht dat Lach dann? Et ginn zwee Grënn wisou dat sougenannten "Otemlach" an de Fligerfënsteren dran ass. Am Ganze besteet eng Fënster am Fliger aus3 verschiddenen Acrylscheiwen: eng ganz baussen, eng an der Mëtt an eng banne beim Passagéier. An eng Fënster ka jo och mol beschloe wann d'Temperaturënnerscheeder ze staark sinn. Wat bei engem Fluch effektiv emol reegelméisseg virkënnt. Duerch dat klengt Lach an der Scheif kann d'Fiichtegkeet awer ofzéien.

Ma nach vill méi wichteg ass déi zweet Funktioun vun deem Lach. Tëscht der baussechter a mëttlerer Scheif ass nämlech een Tëscheraum. D'Scheiwe sinn also net direkt uneneen. Duerch dat Lach kann den Drock tëscht deenen zwou Scheiwen awer konstant gehale ginn, well et wéi ee Ventil fir ze lëfte funktionéiert. Wann de Fliger also no an no an d'Luucht klëmmt, an den Drockënnerscheed méi staark gëtt, ginn d'Fënsterscheiwen net futti.