Wéi eng Musek soll een am beschten beim Sport lauschteren?

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Wie kennt et net: Et huet een sech dozou motivéiert kritt lafen ze goen, an trotzdeem erreecht een net wierklech déi Ziler déi een sech gesat huet.

Dofir ginn et elo e puer Tipps, wéi zum Beispill Musek d’Leeschtung beim Lafe steigere kann.

RTL

Déi eng lafen éischter mat monotonen Technobeats, anerer éischter mat méi rockegen oder poppege Lidder. Mee wat ass da lo déi richteg Musek?

Fuerscher hunn erausfonnt, dass déi passend Musek d’Leeschtung beim Sport bis zu 20% kann an d’Luucht drécken.

Si ginn eis dann och dës Virschléi mat op de Wee:

  1. D’Opwiermen:
Hei soll een am beschte Lidder lauschteren, déi net ze lues awer och net ze séier sinn. Perfekt fir dës Phase si Lidder mat 135 bis 160 BPM. Do passt ganz oft EDM.

  1. Tempo ophuelen:
Wann ee säin Tempo well steigeren, da passen éischter méi rockeg Lidder, déi een och emotional undreiwen. Hei ass zum Beispill «Killing in the Name of» vu Rage Against the Machine eng gutt Alternative.

  1. Wann et mol méi schwéier gëtt:
Wann ee mol eng Kéier net méi sou motivéiert ass, bidden sech Lidder un, déi Spannung opbauen an een doduerch nach eng Kéier richteg pushen.

  1. De Schluss vum Laf:
Fir déi leschte Kilometer oder Meter ze meeschtere soll een sech seng Liblingslidder ulauschteren, vue dass een des kënnt an een an der Situatioun näischt Neies méi well héieren.

Mat dësen Tipps ka beim lafe goen also näischt méi schif goen.