Et ginn einfach Leit déi eng Aart a Weis u sech hunn déi nervt. An et ginn Deeg do verdréit een dat guer net. Wéi een se awer evitéiert kritt

1. Den Dauerquaseler

En hält ni de Mond, egal wéi fréi oder spéit et ass. An en huet Ausdauer. Leit déi vill schwetze kënnen immens nerven, mee gutt Nouvelle: se kënnen och effektiv roueg gestallt ginn. Eemol kann et hëllefen eng Persoun spontan unzepaken. Einfach eng Hand op d'Schëller oder den Aarm kann den Dauerriedner a sengem Floss stoppen. Méi brutal ass déi zweet Approche. Et stellt een einfach eng Fro, déi komplett aus dem Kontext gerappt ass. Wann ee grad zum Beispill iwwert seng neisten Installatiounen doheem sech am Detail verdéiwt, kann een zum Beispill froen: "Sa hues du och schwamme geléiert?"

2. Den Emotiouns-Inspekter

Et gi Sujeten déi een einfach net muss mat jidderengem beschwätzen. Schonn eleng sou Froen: "A wéini kommen dann d'Kanner?" oder "Wisou hues du dann esou vill bäigeholl?" Do gëtt et nëmmen eng Aart a Weis fir ze reagéieren: Souverän an och ouni zeréck ze zécken. Hei ass standhaft ze bleiwen nämlech effektiv nach méi wichteg wéi elo d'Wierder déi geschwat ginn. Dofir egal wéi hartnäckeg deen dee freet och ass: net rose ginn, duerchootmen a beim: "Nee ech erkläre mech hei elo net, dat ass mer ze privat."

3. De Besserwësser

Ee Genre vu Mënsch deen och effektiv nerve kann: déi déi einfach ëmmer alles besser wëssen oder och kënnen. An och zu einfach all Sujet eng Meenung hunn. Wann ee bei dësem Exemplar vun Nervesee wëll roueg stellen, soll ee mol roueg seng Meenung testen. Wann de Besserwësser sech grad iwwert soe mer den Trafick opreegt, da frot einfach emol konkret wéi en dann op seng Léisungsvirschléi kënnt, a wat dës ännere géifen.

Lauschtert hei eran!

4. Den "Alles-Ass-Schlecht"

Dat ass ee Genre vu Personnage deen och un d'Substanz geet, an op engem flotten Owend anstänneg d'Stëmmung erof zitt. Well bei deem Typ vu Mënsch ass d'Gedrénks net gutt dat zervéiert gëtt, an d'Iessen ze kal, ze waarm, ze vill an ze mann gesalzt. An dat alles gläichzäiteg. Wann een dann nach probéiert Léisungen ze ginn, gëtt just nach weider gesouert. Wat do hëlleft? "Ech hunn der e puer Virschléi gemaach, déi der all net gefall hunn. Wat mengs du dann wat hëllefe kéint?" Wann dann just d'Äntwert: "Näischt" kënnt, ass d'Saach erleedegt.