An der Pandemie ännert ëmmer nees alles. Wat sinn zum Beispill déi verschidde "G-Reegelen" a wat bedeite se genee?

Soss hu mer den 3G nach vum Smartphone kannt, fir séieren Zougrëff op den Internet ze hunn. Hautdesdaags ass den 3G awer eppes ganz anescht, dat eist Liewen awer nohalteg prägt.

Déi dräi Ofkierzungen déi sech hannert dem "G" verstoppe bedeiten eigentlech ganz einfach, dass een entweder geimpft ass géint de Covid-19, getest gouf an dësen Test dann och negativ ausgefall ass oder et ass een nees gesond nodeems ee PCR-Test ee positiivt Resultat uginn hat.

Lauschtert hei eran!

Aktuell ass et esou zu Lëtzebuerg, dass ee fir Events an Treffen, bei der een zu méi wéi 10 an ouni Restriktioune wéi Masken oder Distanze wëll beienee sinn, een dëst Event als Covid-Check muss umellen. Dat bedeit dann, dass d'Gäscht eng vun deenen 3G-Reegelen erfëlle musse fir dierfen dobäi ze sinn. Ma wann a Lëtzebuerg bis elo nach den 3G-Prinzip gëllt, gesäit et ronderëm awer schonn anescht aus.

A villen däitsche Bundeslänner zum Beispill gëtt elo eng "2G"Regel agefouert. Dat bedeit, dass een op dëse Plazen entweder geimpft oder nees gesond muss sinn fir dierfen dobäi ze sinn. Weider gëtt et och nach "2G+". Dat bedeit dann, dass eigentlech nëmme Persounen dierfen dobäi sinn déi geimpft oder nees gesond sinn, mee een och déi eng oder aner Persoun kann zouloossen déi een negativen Test virweise kann.

Bei der "1G" Regel gëtt dann immens streng getrennt. Nëmme wie virweise kann, dass e geimpft ass, dierf bei esou engem Event oder bei enger gewësser Aktivitéit dobäi sinn. Wien also nees gesond ass oder getest ass muss dobausse bleiwen. Ee Wirt zu Berlin huet dës Approche zum Beispill schonn a sengem Restaurant duerchgesat.