Mam Alma-Programm soll et méiglech sinn am Ausland Erfahrungen ze sammelen och wann een net studéiert.

Een Austausch maachen an der EU. Dat war bis elo eigentlech nëmme méiglech fir Studenten am Kader vum Erasmus-Programm. Ma deemnächst soll et awer och méiglech si fir Jonker déi net studéieren nei Erfahrungen an der EU ze maachen.

Net jiddereen huet direkt ee Plang wéi et no der Schoul weider geet. Heiansdo fënnt een och keng Aarbechtsplaz oder ee Betrib fir seng Léier ze maachen. Wann een dann doheem setzt kann aus verschiddene Grënn net gutt doen. Besonnesch d'Motivatioun kann drënner leiden an et kann een an en Down falen. Fir genee dëst ze verhënneren wëll d'EU-Kommissioun elo den Alma-Programm an d'Liewe ruffen. Mat dësem soll et méiglech gi fir Jonker, Beruffserfahrung an engem EU-Memberstaat ze sammelen. Dat natierlech wéi och beim Erasmusm-Programm op enger begrenzten Zäit.

Lauschtert hei eran!

Jiddereen hätt et verdingt eng Erfahrung ausserhalb vu sengem Heemechtsland ze maachen. Ofgesinn dovun ob een elo studéiert oder net. Ma d'Kommissioun huet sech awer nach weider Gedanke ronderëm déi Jonk gemaach wéi et schéngt. Et wéilt een d'Joer 2022 deene Jonken an der EU widmen. Dat, well si vill geaffert hätten, fir déi eeler Leit ze schützen.. Bis am Fréijoer 2022 well een, Politiker a Bierger aus der EU zesummen, nei konkret Proposen ausschaffen. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen huet zougeséchert, dass d'EU dës Virschléi wäert eescht huelen.