Wie seet, dass een onbedingt Droit, Medezinn oder Geschicht studéiere muss? Hei kommen eng ganz Partie richteg exotesch Studiegäng

1. Eurythmie

Eurythmie ass ee ganz speziellt Fach. Op der "Alanus Hochschule für Kunst und Gesellschaft" kann een dat souwuel am Bachelor wéi och Master-Niveau studéieren. Bei der Eurythmie geet et drëms den eegenen Numm oder souguer ganz Texter kënnen ze danzen. An nee, dat ass elo kee Witz! Besonnesch d'Sozialeurythmie soll Kanner vill hëllefe kënnen a gëtt als Fach scho méi laang an de Waldorfschoulen ënnerriicht.

Lauschtert hei eran!

2. Nohaltege Wiss-Management

Wien et gäre gréng huet, grasgréng, ka mol bei d'Héichschoul vun Osnabrück kucke goen. Do gëtt et ee spezielle Masterprogramm dee sech nëmme ronderëm Wiss dréint. Wien ee Bachelor an der Landwirtschaft oder Gaardebau huet, kann dann hei léieren wéi een sech richteg ëm eng Wiss këmmere kann. Dëse Master ass ganz gefrot wann ee bei engem Golfclub schaffe wëll oder och an engem Park zum Beispill.

3. Brauereiwiesen a Gedrénkstechnologie

Fir all d'Fans vum Béier genee dat Richtegt: hei léiert een un der Uni München am Bachelor an/oder Master alles ronderëm d'Braukultur. Awer domat net genuch, et léiert een och wéi eng anstänneg a propper Produktioun vu Gedrénks. Domat kann ee spéider entweder an der Fuerschung schaffen oder och natierlech an eng Brauerei schaffe goen.

4. Kierperfleeg

Eise Kierper brauche mer esou laang wéi mer liewen. Also ee gudde Grond dësen och gutt ze versuergen. Wann der iech schonn ëmmer dofir interesséiert hutt, wéi een dat soll maachen, dann huet d'TU Darmstadt dat Richtegt fir iech! Hei kritt ee verschidden Kierperfleeg-Technike bäibruecht. Duerno kann een domat esou guer selwer Kueren an dem Beräich halen.