Wann een sech e Studentenjob sicht, deen eng Verbindung mam eegene Studium huet, kann ee wäertvoll Beruffserfarung sammelen.

Studéiere kascht bekanntlech Suen. An déi mussen och vun entsuerg hierkommen. Vill Studente probéieren sech dowéinst mat engem Studentenjob eppes dobäi ze verdéngen. Ma wat sinn eigentlech déi beschte Studentenjobs a wéi geet een am Beschte vir, fir sech esou ee Job ze sécheren?

Wéi sichen ech e Studentenjob?

Ee Wee, op deem een e Studentenjob fanne kann ass sécherlech den Internet. Op villen Universitéiten hunn d’Studentevertriedungen esouguer eegen Online-Job-Bourssen. Selbstverständlech kann een sech och iwwer déi sozial Medien iwwer potentiell Aarbechtsofferen informéieren. Allerdéngs sollt een déi klassesch Weeër vun der Aarbechtssich net ënnerschätzen. A villen Universitéiten hänken nämlech sougenannte schwaarz Brieder. Hei sinn dacks Aarbechten ausgeschriwwen. Heiansdo lount sech awer och e Bléck op d’Aarbechts-Annoncen an enger lokaler Zeitung.

De Klassiker: Zerwéieren

Ma wéi eng Jobs kann een als Student eigentlech maachen? De Klassiker ass sécherlech d’Zerwéieren an engem Café. Ee vun de grousse Virdeeler ass hei sécherlech d’Drénkgeld. Den Nodeel sinn allerdéngs déi spéit Aarbechtszäiten. Deemno gëllt et hei opzepassen, dass de Studium net ufänkt ënnert dem Job ze leiden.

A verschiddenen Jobs kann ee schonn éischt relevant Beruffserfarung sammelen

Eng aner Méiglechkeet, ass et sech eng Aarbecht ze sichen, déi eng Verbindung mam eegene Studium huet. Eng Méiglechkeet ass et Tuteur op der Uni ze ginn. Als Tuteur ass ee quasi de studenteschen Assistent vun engem Professer. Dat bedeit meeschtens, dass ee mathëlleft Coursë virzebereeden a sech ëm d’Studenten aus deene méi nidderege Semestere këmmert. Esou e Posten dierft virun allem fir déi Leit intressant sinn, déi eng akademesch Karriär aschloe wëllen.

Och an der Privatwirtschaft kann een eng Aarbecht fannen, an där een dat wat een am Studium léiert uwenne kann. Informatik-Studente kënnen zum Beispill eng Aarbecht als Freelance-Programméierer fannen. Wie Journalismus studéiert kann als fräie Mataarbechter an de Medien ënnerkommen a Studenten an de Sozialwëssenschafte kënnen an der Maart-Fuerschung schaffen. De Virdeel bei dësen Jobs, dass ee schonn Erfarungen a sengem méiglechen zukünftege Beruff sammele kann.

Egal wéi ass et wichteg, dass een sech en Job sicht, deen den eegene Stäerken entsprécht. Et ass wichteg genuch Sue fir ze liewen ze hunn. Allerdéngs sollt een sech keen Job sichen an deem een op Dauer onglécklech gëtt.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!