Du mëss gäre selwer Musek, an hues eppes zu Theme wéi Toleranz, Gläichheet oder Solidaritéit ze soen? Da maach mat!

Radikaliséierung gëtt et a ganz ville Formen a ka méi séier optriede wéi ee villäicht denke kéint. Beim Präventiouns- a Berodungszenter respect.lu geet et drëms iwwert d'Radikalisatioun mat all hire Facetten z'informéieren, ze sensibiliséieren an direkt Ulafstellen fir eraus aus der Radikalisatioun ze bidden. Ee groussen Deel vun der Aarbecht bei Respect läit dann an der Sensibiliséierung. An do huet ee sech elo eppes Neies afale gelooss.

Lauschtert hei eran!

Heiansdo fällt et schwéier eng Emotioun nëmmen iwwer Wierder verständlech ze maachen. Musek am Géigendeel ka Gefiller nach eemol vill méi gräifbar maachen. A genee dat wëll ee mam "Respect Song Contest" erreechen. Bei dësem Contest die rf eigentlech jidderee matmaachen. Ganz egal wéi al een ass, vu wou ee kënnt, a wéi enger Sprooch ee séngt oder a wéi engem Museksgenre ee sech doheem fillt. D'Lidd dat een era reecht muss awer am Kader vum "Respect Song Contest" geschriwwen an opgeholl gi sinn, an dierf net méi laang wéi 4 Minutte sinn.

An de Sujet vum Lidd soll sech dann och fir een oder méi vu follgende Punkten asetzen:

  • Resilience (Widderstand géint Intoleranz verstäerken)
  • Equality (Gläichheet ënnerstëtzen)
  • Solidarity (Solidaritéit encouragéieren)
  • Perspectives (Perspektive sichen a fannen)
  • Empathy (Empathie verbesseren)
  • Communication (Kommunikatioun verbesseren)
  • Tolerance (Toleranz definéieren)

Nach bis den 1. Dezember 2021 kann ee säi Lidd era schécken. An ze gewanne gëtt et dann op der éischter Plaz eng professionell Opnam vum Gewënnerlidd zesumme mam David Galassi wéi och engem Videodréi. Fir d'Plazen 2 an 3 gëtt et och jeeweils d'Produktioun vun engem Lidd ze gewannen.

Bei respect.lu freet ee sech elo schonn op all déi kreativ Ëmsetzung déi een era geschéckt kritt. Well och wann een dat villäicht net denkt, mee Radikaliséierung geet eis all eppes un.