Och wann dat Lëtzebuergescht Aarbechtsrecht a Saachen Aarbechtskontrakter zimmlech liberal ass, gëllen a Punkto Aarbechtszäiten awer eng Partie Reegelen.

De Summer ass esou zimmlech eriwwer. D’Schoul ass nees un an och an der Aarbechtswelt geet esou lues alles nees an den normale Betrib iwwer. Ma wat ass eigentlech den normale Betrib? Wéi laang dierf ee maximal schaffen? A bei wéi vill Patronen dierf een ënner wéi enger Form ugestallt sinn?

Am Prinzip keng maximal Zuel vun Aarbechtskontrakter

Bei der Fro, fir wéi vill Patronen een ënner wéi enger Form schaffen dierf, ass dat Lëtzebuergescht Aarbechtsrecht zimmlech liberal. Wéi den Aarbechtsministère Eldoradio op Nofro hi matgedeelt huet, gëtt et weder bei der Unzuel vu Patrone fir déi ee schaffen dierf, nach bei der Unzuel vun den Aarbechtskontrakter, déi een ënnerschreiwen dierf, eng iewescht Limitt. Eenzeg Aschränkung: Wann een e Kontrakt ënnerschreift, an deem steet, dass ee kee weidere Kontrakt ënnerschreiwen dierf, kann een nëmmen nach fir ee Patron schaffen.

Lauschtert hei de Reportage!

Aarbechtszäite vu méi ewéi 48 Stonnen d’Woch sinn am Prinzip op Ausnamesituatioune limitéiert

Dat bedeit awer net, dass et a Punkto Aarbecht keng Reegele ginn. Zwar dierf een esouvill Aarbechtskontrakter ënnerschreiwe wéi ee wëll. Allerdéngs dierf ee mat all senge Kontrakter net iwwer déi gesetzlech fixéiert maximal Aarbechtszäit kommen.

Am Prinzip läit eng voll Tâche hei am Land bei 40 Stonnen an der Woch. Wéi d’ITM Eldoradio op Nofro hi matgedeelt huet, läit déi maximal Zäit, déi een am Normalfall pro Woch schaffen dierf bei 48 Stonnen. Pro Dag dierf een iwwerdeems maximal 10 Stonne schaffen.

Aarbechtszäite vu méi ewéi 48 Stonnen d’Woch sinn am Prinzip op Ausnamesituatioune limitéiert. De Patron muss d’ITM am Viraus iwwer déi exzeptionell Aarbechtszäiten informéieren. Ausserdeem muss hien d’Delegatioun vum Personal, respektiv déi concernéiert Ugestallter froen, ob si mat de méi laangen Aarbechtszäiten averstane sinn. Wann dat de Fall ass, dierfen déi Concernéiert ufänke méi laang ze schaffen esoubal d’ITM informéiert gouf. Am Fall wou déi betraffen Ugestallter net mat déi laangen Aarbechtszäiten averstane sinn, muss den Aarbechtsminister decidéieren, ob déi méi laang Aarbechtszäite justifiéiert sinn.

Egal wéi dierf een awer héchstens 60 Stonne pro Woch schaffen. Dat och nëmme wärend maximal 6 Wochen. Wärend dëser Zäit läit déi maximal Aarbechtszäit pro Dag da bei 12 Stonnen.

Schliisslech dierf ee maximal 7 Deeg um Stéck schaffen. Duerno huet een dann d’Recht op op d’mannst 44 Stonnen onënnerbrache Fräizäit.