Musse mer eis ëmmer Saache verbidde beim Iessen? Mer hu mam Tammy Diderich, Diéticienne driwwer geschwat wisou mer anescht mat eisem Iessen ëmgoe sollen.

Ugefaangen huet d'Tammy Diderich säin Account bei Instagram aus engem ganz einfache Grond: et wollt d'Schüler aus dem Sportslycée erreechen. Do schafft d'Tammy nämlech als Ernierungsberoderin. Uganks huet hatt virun allem Biller opgekläert ronderëm Ernierungsmythen oder gesond Alternative gewisen. Dat mam Zil de Schüler, déi jo och vill Sport maachen, ze weisen, dass ee sech eigentlech ganz einfach gesond erniere kann. An dass dat net bedeit, dass een dann näischt méi iessen dierf. Oder keng Snacks méi iessen dierf. Grad déi Jonk sinn nämlech vill am Zweifel mat hirem eegene Kierperbild. "Dobäi ginn et verschidde Kierpertypen, dat ass och an eise Genen dran. Net jiddereen kann an eng XS-Kleedergréisst erapassen. An dat ass jo och okay esou!" Ma duerch deen onnéidegen Drock entstinn dann awer gären Iessstéierungen déi och liewensgeféierlech gi kënnen am Extremfall. Dobäi ass genee de Géigendeel wichteg: fir ze funktionnéieren musse mer iessen.

Lauschtert hei dat ganzt Gespréich mam Tammy!

Dat bedeit also och, dass et dacks manner dorëms geet net ze vill z'iessen, mee virun allem wat een ësst. Dee ganzen Dag laang just ee vollen Teller nom aneren iessen ass awer natierlech och net gutt, egal wéi gesond dësen ass. Dat ass dann och ee weideren Aspekt deen dem Tammy um Häerz läit: nees eng gesond Relatioun zu eisen Iessgewunnechten an eisem Hongergefill opzebauen. Et soll a muss ee puermol am Dag iessen. Ma mer hunn eis awer och ofgewinnt dorop ze lauschteren wann eise Kierper bis genuch huet. "Vu klengem u kréie mer gesot eisen Teller fäerdeg z'iessen. Dat ass zum Deel dowéinst, well mer keen Iessen ewech geheie wëllen. Wat jo och richteg ass, ech si selwer dogéint, dass een Iessen an d'Poubelle geheit. Mee et kann ee sech d'Iessen dat ze vill ass och ëmmer nach apaken a méi spéit iessen." Wann eise Mo eis also seet: "Elo hunn ech genuch" kann ee roueg d'Forschette an d'Messer néier leeën. An net ze vill op eis Gloscht lauschteren wann dës eis seet fir nach méi z'iessen.

Een anere Problem deen net nëmmen déi Jonk hunn: mer hu keng Zäit méi. An doduerch ass och eist Iessen dacks no dem Motto ausgewielt: haaptsaach séier sat. Dobäi kann een dat och erreechen an deems ee gesond ësst. Dofir setzt d'Tammy dann och eng ganz Palette u Rezepter online. "Gesond, schnell an einfach, dat ass mäi Motto!" Fir seng Rezepter nozekachen an ze baken brauch et also net vill Zäit an och net vill Erfahrung an der Kichen. Esou soll jiddereen d'Loscht dorun entdecken sech a sengem Kierper gutt ze doen, a gläichzäiteg eppes um Teller ze hunn dat och schmaacht. An esou gesond duerch d'Liewen ze goen ouni ëmmer ze verzichten. "A wann een emol Loscht huet op eppes méi "Ongesondes" an ee sech soss gesond erniert, da kann een dat dann och ouni schlecht Gewësse maachen!"