Wa Fans es einfach net genuch kréien...

Fan Fiction, oder kuerz FF, bezeechent fiktional Wierker, déi op engem Original baséieren. Fans vu Serien, Filmer, Bicher, Videospiller oder och reale Persounen féieren hei d’Handlung vun enger Geschicht virun oder interpretéieren dës op hir Aart a Weis. An de meeschte Fäll kann een dës Wierker dann online an och gratis konsomméieren, esou dann och bei der neister Geschicht aus dem mageschen Universum vum Harry Potter.

No engem Crowdfunding am Joer 2018 kann de Realisateur Joris Faucon Grimaud säi Fan Fiction-Projet mat Harry Potter-Fans weltwäit deelen an huet elo den 30 Minutte laange Film "The House of Gaunt" released. D’Wierk geet op d’Sich no dem Lord Voldemord sengen Originen a wierkt wéi e richtege Prequel zu den offizielle Geschichen aus dem Zauberer-Universum. Ma weder d’Schrëftstellerin J.K. Rowling, nach Warner Bros, hunn eppes domat ze dinn. 80 Fräiwëlleger, dorënner Leit aus der Film- a Kino-Branche, hunn um franséisch-englesche Projet matgeschafft.

Lauschtert iech hei och d'Meenung vun eiser Eldo-Redaktioun un!

Un all d'Potterheads: Vill Spaass beim Kucken!