Villes deit dorops hin, dass déi nächst däitsch Regierung sech aus 3 Parteien zesummesetze wäert.

Den Olaf Scholz vun der SPD, den Armin Laschet vun der CDU oder d’Annalena Baerbock vun deene Gréngen. Ee vun hinne wäert mat zimmlecher Sécherheet den nächsten däitsche Kanzler, respektiv déi nächst Kanzlerin ginn. Aktuellen Ëmfroen no, wäert dem Olaf Scholz seng SPD bei de Walen e Sonndeg déi meeschte Stëmme kréien.

Dat bedeit awer net, dass hien automatesch Bundeskanzler gëtt. Déi nächst däitsch Regierung wäert sech nämlech héchstwarscheinlech aus e puer Parteien zesummesetzen.

Den Ament deit alles dorops hin, dass et op d’mannst 3 Parteie brauche wäert fir eng Majoritéit am Bundestag ze erreechen. Zwar kéint eng Koalitioun aus SPD an CDU knapps genuch Stëmmen zesummekréien. Allerdéngs hat den Olaf Scholz eng Woch virun de Wale gesot, dass hien eng Koalitioun mat der CDU ausschléisse géif. Gläichzäiteg sot hien, dass hien am léifste mat deene Gréngen zesumme regéiere wéilt.

Eng Koalitioun aus SPD a Grénge wäert awer kaum op déi néideg Sëtz am Parlament komme fir eng Regierung ze stellen. Deementspriechend brauch et eng drëtt Partei. Dat wäerten entweder déi Lénk oder d’FDP sinn. Eng Zesummenaarbecht mat der AFD hunn nämlech alleguerten déi aner Parteie kategoresch ausgeschloss.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!

Fir eng Koalitioun ze bilden, mussen d’Parteien sech allerdéngs op e gemeinsame Regierungsprogramm eenege kënnen.

Hei kéint et fir eng Koalitioun aus SPD, Gréngen an der FDP schwiereg ginn. Virun allem d’Finanz- an d’Steierpolitik kéint hei e Problem duerstellen. D’FDP ass nämlech kategoresch géint all Erhéijung vun de Steieren.

Dat bréngt deementspriechend déi Lénk als méigleche Koalitiounspartner an d’Spill. Dës leie bei der Finanz- a Steierpolitik definitiv méi no un der Positioun vun den zwou anere Parteien. Wéinst der skeptescher Haltung vun de Lénke géigeniwwer der NATO an der EU kéint hei awer d’Aussepolitik e Problem duerstellen.

Sollt sech keent vun dësen 2 Bündnisser forméieren, ass eng Koalitioun aus CDU, Gréngen an FDP déi warscheinlechst Optioun. D’Positioune vun der CDU an der FDP stëmmen a Saache Steieren a Finanzen iwwerteneen a mat de Gréngen ass d’FDP sech an enger Partie gesellschaftspoliteschen Themen eens.