Et huet ee sech ee grousse Programm gesat, dee fir jiddereen déi passend kulturell Aktivitéiten an Events offréieren dierft.

Nächst Joer steet virun allem de Süden ganz am Zeeche vun der Kultur hei zu Lëtzebuerg. Mat der Kulturhaaptstad Esch-Alzette 2022 ass awer net nëmmen do vill um Programm. Och déi aner Südgemengen wäerten aktiv um Kulturjoer 2022 deelhuelen.

Wärend engem ganze Joer wäert een dann och zu Diddeleng ee grousse Programm um Territoire vun der Gemeng proposéieren. Dat geet vu Geschicht, iwwer Sport bis bei Musek an Theater. Esou een ambitionnéierte Programm kann een awer natierlech net eleng op d'Been stellen. Dofir sinn da Partner mat dobäi wéi den CNA, de Kulturministère, aner Gemenge wéi Käl-Téiteng, Rëmeleng an Déifferdeng. Weider sinn och de Lycée des Arts et Métiers, d'Oeuvre oder och Den Atelier mat dobäi, fir der just e puer ze nennen.

Lauschtert hei eran!

Am Ganze wäerten et 17 verschidde Projete sinn, déi d'Südgemeng hei fir jiddereen offréiere wäert. Beim Projet "The Assembly" mécht een zum Beispill  eng Rees an eng aner Welt, an der Beweegungen zu Kläng ginn. Ee Projet, deen also méi wéi ee Sënn gläichzäiteg wäert uschwätzen, an och mat Virtual Reality wäert z'erliewe sinn.

Besonnesch interessant ass dann och fir all Fantasy a Science-Fiction Fan, dass am Joer 2022 d'Eurocon wäert nieft der Luxcon ofgehale ginn. Dëst ass eng grouss europäesch Convention déi zanter 50 Joer existéiert.

Ee ganz grousse musikaleschen Ofschloss wäert dann den "Usina22" Festival hunn. Hei ginn nämlech vum 10. - 12. Juni eemol lokal an och europäesch Museker a Kënschtler ënnerstëtzt. An och ee groussen Headliner huet dëse Festival elo schonn opweises: Kings of Leon. Tickete fir dëse Concert gëtt et elo schonn ze kafen.