Éier een e Stage mécht, sollt een sech selwer eng Partie Froe beäntwerten. Dat kann d'Sich no enger Stage-Plaz vereinfachen.

Vill Studente maache fréier oder spéider wärend hirem Studium e Stage. Sief et well se ee maache mussen, oder einfach nëmme well si éischt Erfarungen an hirem méiglechen zukünftege Beruff fanne wëllen. Ma wat fir Méiglechkeete fir e Stage ze maache ginn et eigentlech, wéi fënnt een am Beschten e Stage a wéi kann ee säi potentielle Patron de Stage am Beschte vu sech iwwerzeegen? Dat sinn alles Froen, mat deenen een sech am Virfeld vun engem Stage ausernee setze muss.

Wou wëll ech mäi Stage maachen?

Virop stellt sech d’Fro, wéi eng Zort vu Stage een eigentlech maache wëll. Soll et bei eng privat Entreprise oder eng staatlech Institutioun goen? Eventuell wëll een awer och bei eng ONG goen a sech gesellschaftlech engagéieren.

Wann dës Fro beäntwert ass, kann een seng Sich no engem Stage deementspriechend agrenzen.

Duerno muss een sech da froen, ob ee säi Stage zu Lëtzebuerg oder am Ausland maache wëll. E Stage am Ausland kann dobäi eng eenzegaarteg Erfarung sinn, déi sech dobäi nach gutt am Liewenslaf mécht. Allerdéngs muss een sech och bewosst sinn, dass e Stage am Ausland dacks mat enger Partie Käschte verbonnen ass. Wann een de Stage nämlech net grad an der Stad, an där ee studéiert, mécht, muss ee fir d’Zäit vum Stage eng zousätzlech Wunneng lounen.

Wéi kann ech mäin zukünftege Stage-Patron iwwerzeegen?

Nodeems een sech da fir eng Stage-Plaz decidéiert huet, muss een seng Kandidatur areechen. An Dëser ass et wichteg, de potentielle Patron vu sech ze iwwerzeegen. Virop ass et wichteg kloer ze weise firwat een sech fir däi Studium entscheet huet a firwat een sech grad fir dës Stage-Plaz decidéiert huet. Duerno geet et dann dorëms de Patron vu sech selwer a senge Fäegkeeten ze iwwerzeegen. Well een als jonke Student an der Reegel net vill Beruffserfarung virzeweisen huet, muss een hei mat anere Saachen ze iwwerzeege wëssen. Wann een an engem Veräin engagéiert ass, kann dat zum Beispill weisen, dass ee gutt an enger Ekipp schaffe kann.

Wann een dann an e Virstellungsgespréich geruff gëtt, gëllt de Patron och perséinlech ze iwwerzeegen. Hei ass et wichteg, dass een sech am Viraus iwwer seng Stageplaz informéiert huet. Dat erlaabt engem nämlech kloer ze erklären, firwat een sech fir dës bestëmmte Plaz an net fir eng Änlech entscheet huet.

Wann een seng Stage-Plaz da krut, läit et un engem selwer sech esou vill ewéi méiglech ze engagéieren an e gudden Androck ze hannerloossen.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!