Beweegung fuerdert d'Duerchbluddung, iwweregens och am Kapp. Dat ass scho mol eng Iddi wisou ee beim Iwwerleeën oder Telefonéiere gären hin an hier geet.

Lauschtert eran

Wie sech beweegt, stimuléiert säi Gehier. Dat ass ee vun deenen Haaptgrënn wisou Experten uroden, bei engem Gespréich iwwert Telefon, a Beweegung ze sinn. Nieft der Konzentratioun gëtt och d'Kreativitéit gefuerdert, spréch: Informatioune gi méi séier verschafft. Wichteg Konversatiounen, wéi ee Gespréich mam zukünftege Patron oder esouguer engem wichtege Client, sollen op mannst am stoe gemaach ginn.

Net ze vergiessen ass de positiven Effekt duerch d'Trëppelen op de Stress. Telefonéieren ass nämlech näischt wat de Mënsch vu jee hier gewinnt ass. Verschidde Leit sinn doduerch esouguer gestresst, dat virun allem well een dobäi keng Mimik a Gestik gesäit an ee sech ëmsou méi op just d'Stëmm muss konzentréieren. Dat onbewossten hin an hier lafen hëlleft eis deemno iwwerflëssege Stress lass ze ginn

Zu gudder lescht huet et och ee positiven Afloss op eis Stëmm. Eng Persoun déi op engem Stull hänkt oder op der Kusch läit, klengt anescht wéi eng Persoun déi oprecht telefonéiert. Dat ass hei allerdéngs net objektiv ze beurteelen. All Mënsch ass anescht. Ee Saz passt hei besonnesch gutt: Ausname bestätegen d'Reegel.

Villt der iech wuel am Sëtzen, da maacht et esou. Villt der iech wuel am Stoen, respektiv Trëppelen, da maacht et esou.