An enger éischter Phas soll eng intern Reorganisatioun vun der Police dofir suergen, dass méi Beamten um Terrain siichtbar sinn.

D’Campagne fir eng besser Visibilitéit vun der Police um Terrain soll no an no ëmgesat ginn. Dat sot de Minister fir déi bannenzegst Sécherheet, Henri Kox am Kader vun enger Pressekonferenz e Méindeg de Moien.

Dem Minister war et dann och wichteg, d’Campagne an de politesche Kontext ze setzen. D’Kriminalitéit hätt keng Plaz am Alldag a misst ënnerbonne ginn. Der Preventioun géif dobäi eng besonnesch wichteg Aufgab zoukommen. Si géif et erlaben d'Demokratie ze stäerken a Verbriechen ze verhënneren éier dës passéiere géifen.

Dem Pascal Peters, Direkter vun der Police Administrative no, wier d’Visibilitéit um Terrain dann och een Aspekt vun dëser Preventiounsaarbecht. dës géif et erlaben d'Sécherheetsgefill vun de Bierger ze verstäerken.

Wéi de Patrick Even, Direkter vun der Police aus der Regioun Zentrum, erkläert huet, soll d’Presenz vun der Police als Éischt an der Stad an d’Luucht goen. Dat virun allem am Garer Quartier, zu Bouneweg an an der Uewerstad. Hei wier de Bierger hiert Verlaangen no méi Police-Presenz am Gréisste gewiescht.

Fir d’Visibilitéit vun de Beamten um Terrain ze verstäerke bräicht et méi Beamten. Déi aussergewéinlech Rekrutéierungs-Campagne, déi fir en Netto-Plus vu 600 Beamte suerge soll, wäert allerdéngs eréischt vum Fréijoer 2021 un hir Wierkung weisen. Dowéinst misst een d’Visibilitéit an enger éischter Phas duerch eng intern Reorganisatioun vun der Police assuréieren. Dofir hätt een D‘Visibilitéit als eegestänneg Missioun definéiert. Dës soll duerch alleguer d’Eenheeten, déi an enger Regioun agesat kënne ginn, assuréiert ginn. Nieft de Beamten aus de Kommissariater kéinten hei zum Beispill och Verkéierspolizisten a Beamte vun der Hondsstaffel méi Presenz um Terrain weisen.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!