Dacks gëtt gemengt, dass mat esou Posts no den Äntwerten op Sécherheetsfroe gesicht gëtt. Dat muss awer net onbedéngt de Fall sinn.

Op Facebook fënnt ee Posts, an deenen ënner anerem nom éischten Auto oder dem Numm vum éischten Hausdéier gefrot gëtt. Dës Posts ginn dacks Dausende Kéiere gedeelt an e puer honnertdausend mol kommentéiert.

Ma wat huet et mat dëse Posts op sech? Firwat ginn et op Facebook Konten, déi quasi nëmmen esou Froe posten?

Dacks ass an dësem Zesummenhang ze liesen, dass mat dëse Froen no den Äntwerten op sougenannte Sécherheetsfroe gesicht gëtt. Da si Froen, déi een dacks beäntwere muss, wann een sech mat engem Passwuert anzwousch aloggt. Dat maach och zum Deel de Fall sinn. Ma hei gëtt et deelweis eng Entwarnung. Jo, är Konten op de soziale Medie kënne gehackt ginn a jo, Cyber-Krimineller kënnen sech Zougang zu ärem Amazon-Kont verschafen. Allerdéngs ass de Gros vun iech net interessant genuch, dass een sech dës Méi maache géif. Wann dir net grad eng illimitéiert Kreditkaart un ären Amazon-Kont gekoppelt hutt, oder prominent sidd, dierft keen Hacker sech d’Méi maache fir sech an är Konten anzeloggen.

Wat awer un iech interessant ass, sinn är Donnéeën. Also ären Alter, äre Wunnuert, an esou weider. Poste mat scheinbar banale Froen erlaben et nämlech eng ganz Partie esou Donnéeën zesummenzedroen. Ma well vill Leit ënnert dës Posten och nach hir Kolleege markéieren, liwweren si zousätzlech Informatiounen iwwer hire sozialen Ëmgang.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!

A mat den Äntwerten op esou Froen, kann ee genee dës Donnéeën iwwer Millioune Leit zesummendroen. Ma eng Zort vun Acteuren, fir déi esou Donnéeën interessant sinn, si politesch Parteien. Dës kënne mat esou Posten nämlech erausfannen, mat wat fir Inhalter si iech uschwätze sollen. Ma nodeems et an der Vergaangenheet scho Campagne gouf, bei deenen iwwer déi sozial Medie falsch Informatiounen u Wieler eru gedroe goufen, gëllt et hei besonnesch opmierksam ze sinn.