Ass Potenzial an dem rezentste Projet vun Disney?

Wie vun Zäit zu Zäit Verëffentlechunge vun Netflix an anere Streaming-Plattforme verfollegt, huet villäicht gemierkt dass Anime-Produktiounen ëmmer méi an de westleche Mainstream kommen. Déi neiste méi bekannten Zougang an d’Welt vun Anime huet Disney elo gemaach mat hirer Anthology Serie Star Wars: Visions.

7 japanesch Animatiouns-Studioen presentéieren hei 9 Kuerzfilmer déi sech op d’Star Wars Universum baséieren. An trotz der relativer Kierzt vun den Episoden déi tëscht 13 an 20 Minutten laang sinn, kritt ee bei Star Wars: Visions eng komplett nei Perspektiv op d’Universum gebueden. A wann ech vun neier Perspektiv schwätzen, da mengen ech dat am stäerkste Sënn.

Et ass vun der éischter Episod, mäi perséinleche Favorit vun der Staffel, un ze gesinn dass d’Studioen alles ginn hu fir en originelle Spin op Star Wars ze ginn an dat geet och wäit iwwer déi gutt ëmgesaten Animatiounstechniken eraus. D’Geschichten, Themen a Motiver vun den Episode si kloer vun Anime- an och méi allgemeng japanescher Kultur gezeechent duerch déi Visions markant vun den anere Star Wars Filmer a Serien déi ech kennen erausstécht. Referenzen zu Ikonen vun der japanescher Animatiouns- a Filmwelt sinn der och genuch do. Vum Kurosawa-Stil déi dem George Lucas als grouss Inspiratioun fir d’Iddi vu Star Wars gedingt huet zu Akira an Astro Boy, keng Episod hält sech an senge Referenzen oder Influenzen zeréck.

Ob een dat elo als Star Wars Fan gären huet ass natierlech awer eng aner Fro a kann och staark tëscht de verschiddenen Episoden änneren.

Star Wars: Visions kann oder soll een esou guer schlussendlech gesinn wéi den Titel et ubitt. Et ass ee breede Plateau u Visiounen déi eraus kënne kommen wann d’Star Wars Universum an aner Hänn geluecht gëtt an ech perséinlech wëll méi vun deene Visions gesinn.